Am Interview mam Ashanti Berrend: Affer vu Gewalt mussen dacks laang op eng Plaz am Fraenhaus waarden

Am Interview: Ashanti Berrend vum nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt

Wéi séier kritt een Hëllef, wann ee Gewalt erlieft huet?

Am éischte Joer no der Ouverture Enn Abrëll 2025 hat de CNVV (Centre national pour Victimes de Violence) 426 Affer betreit. Eleng an den éischten zwee Méint nom Ausbau vun den Ëffnungszäite krut den Zenter iwwer 200 Demanden. D'Ashanti Berrend féiert dat souwuel op déi méi laang Ëffnungszäiten zeréck, wéi op déi méi grouss Visibilitéit duerch d'Medien an d'Informatiounsaarbecht vum Ministère a vun der Croix-Rouge.

D'Demande ass och an de Méint duerno op deem Niveau bliwwen. "Bei plus ou moins 100 neien Dossieren, déi mer de Mount opmaachen. Dat si generell ëmmer ronderëm 150 Leit plus ou moins, well och méi Leit an enger Situatioun kënne betraff sinn." Vun de 508 Persounen, déi bis zum Zäitpunkt vum Interview am Zenter selwer betreit goufen, ware ronn 400 Fraen a Meedercher a ronn 100 Männer a Jongen.

Schwätzen, sech berode loossen oder eng Plainte maachen

Tëscht der Ouverture Enn Abrëll 2025 an Enn Juli 2026 hate sech ronn 800 Persoune beim CNVV gemellt. 338 haten eng Betreiung op der Plaz gefrot a kritt. Déi aner gi weider vermëttelt.

Bei engem éischten Uruff kläert d'Ekipp mat de Betraffenen, wat geschitt ass a wéi eng Hëllef a Fro kënnt. Den Zenter empfänkt Affer vun alle Forme vu Gewalt.

"Mir versichen an engem éischte Gespréich erauszefannen, wat ass virgefall. Wou befënnt sech d'Persoun grad an hirer Situatioun, wéi kënne mer hir direkt op der Plaz eng Hëllef ubidden."

Op der Plaz kënnen déi Betraffe mat engem Psycholog schwätzen, juristesch Berodung kréien oder eng Plainte maachen. Dofir kann d'Police an den Zenter selwer kommen. Jee no Situatioun vermëttelt d'Ekipp d'Persoun un e spezialiséierte Service weider. Wéi séier déi nächst Schrëtt gemaach ginn, decidéiert déi betraffe Persoun mat.

"Mir respektéieren de Rhythmus vun der Persoun. [...] Mir hunn och Leit, déi kommen, déi einfach fir d'éischt mol just wëlle schwätzen."

Ashanti Berrend, Centre national pour Victimes de Violence

Ëmmer op d'mannst zwou Persounen am Déngscht

Beim CNVV schaffe mëttlerweil 20 Mataarbechter, wat 13 Vollzäitplazen entsprécht. Et sinn ëmmer op d'mannst zwou Persounen am Déngscht, an der Reegel eng Fachkraaft aus der Sozialaarbecht an eng Infirmière oder en Infirmier. Och Psychologe gehéieren zur Ekipp. En Deel vun der Ekipp betreit zousätzlech d'Helpline Violence 20 60 10 60. D'Ashanti Berrend erkläert, dass een aktuell gutt mat der Demande eens gëtt. Jee nodeem, wéi eng Hëllef eng Persoun brauch, ka si e puer Stonnen am Zenter bleiwen, fir einfach mol zu Rou ze kommen. D'Raimlechkeete sinn esou ageriicht, datt d'Ekipp méi Leit gläichzäiteg empfänke kann. Fir Kanner gëtt et en eegene Raum.

Wochelaang Waardezäiten no der éischter Hëllef

Eng vun de gréisste Schwieregkeete gesäit d’Ashanti Berrend bei der weiderer Betreiung. Op psychologesch Ënnerstëtzung oder eng Plaz an engem Foyer mussen déi Betraffen heiansdo Wochen oder Méint waarden. Dat kéint frustréieren an demotivéieren, grad wann eng Persoun sech bis dozou iwwerwonnen huet, Hëllef unzehuelen. Den CNVV probéiert, si an där Zäit punktuell ze ënnerstëtzen.

Der Responsabel no geet et beim CNVV an 82 Prozent vun de Fäll ëm Gewalt am familiären Ëmfeld, zum Beispill duerch e Partner, en Ex-Partner oder eng Persoun aus der noer Famill. Fir Betraffener, déi vun doheem fort wëllen, kann d'Waardezäit op eng Plaz an engem Fraenhaus eng zousätzlech Hürd sinn.

Am Interview: Ashanti Berrend vum nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab