Invité vun der Redaktioun (24. November) - Romain Bausch: Budgetär Upassunge sti schonn am Waljoer 2028 un
Invité vun der Redaktioun: Romain Bausch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
Am sougenannte "Pluriannuel", der budgetärer Trajectoire bis 2030, ass fir d'Waljoer 2028 just nach eng Hausse vu 4,5% virgesinn. Dat setzt viraus, datt déi nächst Regierung, mee och schonn déi aktuell CSV-DP Regierung budgetär Upassunge misst ënnerhuelen. Dorop huet de President vum Conseil national des finances publiques, de Romain Bausch, en Dënschdeg de Moien hei op RTL higewisen.
D'Wirtschaft an den Aarbechtsmaart wuessen am Moment manner ewéi am historesche Verglach, ma d'Depensë vum Staat awer ëm 6,5%, esou de Constat vum Romain Bausch. Fir de President vum onofhängege Conseil, dee Staatsfinanzen ënnert d'Lupp hëlt, misst d'Politik d'Depensen am Grëff behalen oder nei Recette fannen (oder déi zwee). Antëscht klamme just d'Staatsschold an d'Zënsen, déi domadder verbonne sinn.
Wann d'Staatsschold esouguer iwwert 30% vun der Wirtschaftsleeschtung, dem PIB, klamme géing, da wier dat dem Romain Bausch no zwar nach "kee Beebroch", well Lëtzebuerg nach ëmmer déi zweet niddregst Schold an der EU hätt. Ma am selwechten Otemzuch sot hien et wier net de Niveau vun der Staatsschold, deen e Problem wier, mee d'Trajectoire.
Esouwuel bei Ausgaben ewéi Recette "sozial selektiv" sinn
Ass d'Tentatioun fir Scholden ze maachen awer ëmmer méi grouss ewéi "onpopulär" Spuer- oder Steiermesuren, sou eis Fro un de Romain Bausch. Hien huet geäntwert: "Politik ass populär wann een déi mécht an engem Ëmfeld, wat wirtschaftlech gutt leeft a wou et an der Welt vläicht alles an der Rei ass." Aktuell wier d'geopolitesch Lag awer onsécher an et géing "vill Schwächte" ginn. Doduercher géing sech erginn, datt d'Politik onpopulär Mesurë misst ënnerhuelen.
De Romain Bausch huet ferm ofgeroden Investissementer an d'Zukunft ze kierzen a sech allgemeng fir méi sozial Selektivitéit ausgeschwat - esouwuel op der Depensen-, ewéi bei der Recettesäit - "ouni datt fundamental d'Welt zu Lëtzebuerg géing ënnergoen".
D'Betribssteier an d'Luucht setzen zum Beispill géing "selbstverständlech" d'Kompetitivitéit impaktéieren, mee dem Romain Bausch no kéint ee beispillsweis héisch Revenuen oder d'Fonge méi besteieren..."an esou Geschichten".
Ausgabe bremsen – eng Chefsaach?
Op Ausgabesäit gesäit de President vum Conseil national des finances publiques Handlungsspillraum bei de Fonctionnementskäschten. De Romain Bausch huet net a Fro gestallt, datt de Staat méi Beamte brauch oder manner Astellunge beim Staat d'Sozialkeesse kéinte belaaschten. Allerdéngs huet hien drop higewisen, datt iwwert déi lescht 10 Joer den Effektiv beim Staat ëm 53% gewuess ass iwwerdeems et bei der Masse salariale eng Hausse vun 130% war. Ouni Index nach ëmmer 80%.
Als een deen 20 Joer laang Staatsbeamte an 20 Joer bei der SES am Privatsecteur wier hie "bestëmmt net deen, deen eppes géint d'Staatsbeamte wëll soen". Allerdéngs sollen a sengen Aen d'Léin tëscht béide Secteuren "iergendwou an engem Verhältnis matenee bleiwen". Ma och wann et am Privatsecteur och héisch Léin ginn, esou wier et awer kloer, datt d'Léin am ëffentleche Secteur allgemeng méi héisch sinn ewéi am Privatsecteur.
De Romain Bausch huet ewéi d'lescht Woch bei der Presentatioun vum Avis vum CNFP eng "Budgetsnorm" recommandéiert: eng Limite vun den Ausgaben, déi sech un der Wirtschaftsleeschtung an der Inflatioun géing orientéieren. Hie sot et wier "de bonne guerre" wa Ministèren oder Verwaltunge fir hiren Domaine probéieren "esouvill ewéi méiglech erauszeschloen", mee et wier un engem Finanzminister an un engem Premier fir "no deem ganzen ze kucken a sech finanziell op der Schinn ze halen".
CNFP brauch d'nächst Joer en neie President
De Conseil national des finances publiques erneiert sech iwwregens d'nächst Joer. De Romain Bausch ass selwer nach emol vun der Chamber gefrot gi fir Member vum Conseil ze sinn. Mat 73 Joer wëll hien awer net nach emol President sinn, well a sengen Ae misst een "bei 7 Leit méi ee jonke fannen, deen dat kéint iwwerhuelen".
En Dënschdeg de Moie waren d'Staatsfinanzen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗