Prozessoptakt zu Dikrech: Iwwer 60 Leit wéinst illegaler Rave-Party viru Geriicht

Policeasaz bei illegalem Rave zu Hengescht (26.7.25)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Ee Freidenowend am spéide Juli d’lescht Joer hat d’Police géint 23 Auer als éischt gemellt kritt, datt aussergewéinlech vill Verkéier zu Hengescht wier. Eng 500 Party-Gäscht, vill dovun aus Holland, hate sech um Bob Simon senger Wiss versammelt, fir ze feieren. Onerlaabt, matten an enger Natura 2000 Zon.

Ma eréischt den aneren Dag huet d’Police sech en Iwwerbléck verschafft, wéi den Alain Engelhardt, Directeur adjoint vun der Police, deemools erkläert hat.

"Do si mer relativ staark feindséileg an Empfang geholl ginn. Do war och wéineg Kommunikatioun méiglech. Mir hunn hinnen awer gesot, si missten de Site verloossen, an doropshin hu mir eis dann erëm zréckgezu, fir hinnen Zäit ze ginn, fir hir Saachen anzepaken an ze goen. Dat huet awer dunn eng Zäit gedauert, mee, wéi gesot, do si mer relativ op Hostilitéit getraff bei där Kontaktopnam."

Eng honnert Beamte waren herno am Asaz, fir de Site ze raumen. Esouguer mat der Spezialunitéit a gepanzerte Gefierer ware se deemools ënnerwee, fir den illegale Festivitéiten en Enn ze maachen. D’Police huet Camionen a Camionnettë beschlagnaamt, op deenen d’Bünematerial stoung.

Samschdes owes um 22 Auer war d’Party definitiv opgeléist, mee um Bauer Bob Simon senger Wiss loung nach e Koup Dreck.

"Et leie Frigoen do, Matrasse leien do, Fläschen, Béchsen, dat ass natierlech schlëmm fir d'Kéi. Wann déi dat friessen, da kënnen déi dodrunner stierwen. Déi verbludden dann ënnerlech."

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Suivi Rave-Party um Méindeg duerno (28.7.25)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Vun en Dënschdeg u bis en Donneschdeg mat musse sech elo ronn 60 Leit viru Geriicht veräntweren. Dat sprengt de Kader vum Policegeriicht, sou datt de Prozess an d'Bezierksgeriicht verluecht gouf. Nieft hinne wäerten eng siwen Affekoten untrieden a véier Interpreten.

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Weider Artikelen zu der illegaler Rave-Party zu Hengescht:

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab