Genozid un de Rohingya: Lëtzebuerg an 13 weider Länner erkennen Urteel vu Geriichtshaff un

14 europäesch Länner hunn an engem gemeinsame Communiqué d'Decisioun vum Internationale Geriichtshaff zur Kenntnis geholl, dee Myanmar Genozid virgehäit géint d'Minoritéit vun de Rohingya.
D'Ausseministere vun Australien, der Belsch, Kanada, Zypern, Tschechien, Estland, Island, Litauen, Neiséiland, Portugal, Spuenien, Gambia a Groussbritannien sinn der Meenung, dass Myanmar géint d'Obligatioune vun der Genozid-Konventioun verstouss huet. Och de Xavier Bettel huet fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen.
Groussbritannien huet de Vëlkermord formal zur Kenntnis geholl an huet Sanktiounen annoncéiert, dorënner d'Blockéiere vu Konten a Reesverbueter. Ausserdeem soll kee Kerosin fir Fligere méi an de Myanmar geliwwert ginn. Mat 5 Milliounen englesch Pond wäerten Hëllefsprogrammer fir d'Rohingya an aner Communautéiten ënnerstëtzt ginn.
Den 19. November hat den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag fir déi éischte Kéier a senger 80 Joer laanger Geschicht engem Land e Vëlkermord virgehäit, nodeems d'Truppe vu Myanmar 2017 brutal géint d'Rohingya-Minoritéit virgaange waren.
Liest dozou och:
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗