Campagne géint Haass am Netz: Mat positive Kommentare géint Hatespeech ugoen

Campagne géint Haass am Netz: Mat positive Kommentare géint Hatespeech ugoen

Wei mat Hatespeech am Netz ëmgoen a wat kann ee selwer maachen?

Virum Mikro wëllen awer déi mannst schwätzen, ma 3 jonk Fraen erziele vun online Mobbing, wou si entweder selwer Affer waren oder dat materlieft hunn.

"Dat deet scho wéi", seet eng vun hinnen. Si wier gemobbt ginn, well si kee Lëtzebuergesch konnt, wéi se an d'Land koum. Bei enger anerer ass et d'Schwëster, déi iwwer Joren online gepisakt gi wier. Bis elo hu si entweder drop gesat, d'Kommentaren ze ignoréieren, oder se der Plattform ze mellen.

Mat positive Kommentaren dergéint halen, dat ass d'Zil vum Projet Zivilcourage am Netz, deen als Optakt vun der Campagne "Gëff Däi Positive Pefferkär" d'Schüler vum Lycée technique zu Esch-Lalleng sensibiliséiere soll. Dat ganzt am Kader vun der Woch vun der digitaler Inklusioun.

D'Coordinatrice Liz Freimann vum Anti-Radikalisatiounszenter Respect.lu erkläert:

"Do kann ee mat enger kritescher Fro äntweren, froen, wat hutt Dir domat gemengt? Do kann een e moraleschen Appell maachen a soen 'sou wëlle mir net mateneen ëmgoen, loosst eis respektvoll matenee schwätzen', et kann ee mat Fakte konteren. Do muss ee sech da gutt auskenne, mee och dat ass eng Strategie. Déi Strategie, déi mir besonnesch encouragéieren, ass e positive Kommentar ze hannerloosse, fir déi Betraffen net eleng ze loossen an och ze weisen, dass et ganz vill positiv a konstruktiv Astellunge ginn."

Julie Thilges

Julie Thilges

Julie Thilges

Ken Fitzke

Ken Fitzke

Ken Fitzke

Ken Fitzke

Ken Fitzke

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Besonnesch viséiert vum Haass wiere Minoritéiten, mee et géif och dacks e Lien zur Aktualitéit ginn.

Mee wat ass iwwerhaapt Hatespeech, a wat nach Meenungsfräiheet?

D'Karin Weyer, Direktesch vu Respect.lu, verweist op de legale Kader. Verbuede wieren zum Beispill Attacke wéinst Hautfaarf, Relioun oder sexueller Orientéierung, mee et wéilt ee méi wäit goen.

"Am Kader vum Projet viséiere mir net nëmmen dee Beräich deen illegal ass, mee och deen deen een 'awful but lawful' nennt. Dat heescht eppes, wou ee seet 'dat ass net ok', mee wat een awer net kéint viru Geriicht bréngen. Dat heescht awer net, dass een net am Internet ka soen 'ech fannen dat do net okay'".

Fir den Zentrum géint Radikalisatioun ass awer och kloer, dass d'sozial Netzwierker bei wäitem net genuch géint Haasskommentare géife virgoen. Deels géif d'Lëtzebuerger Sprooch net erkannt, ma et wieren och ekonomesch Iwwerleeungen, den Haass online stoen ze loossen. Amplaz iwwert déi respektiv Plattforme bleift zu Lëtzebuerg soss de Wee iwwert d'Police oder bei der Stopline vu Bee Secure.

Iwwer 700 Kommentare sinn d'lescht Joer bei der Stopline gemellt ginn, iwwer 430 dovun hunn d'Mataarbechter un d'Police viru ginn.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab