Police: 49 saiséiert E-Trottinettë goufen zerstéiert

Op Uerder vum Parquet sinn d'lescht Woch zu Lëtzebuerg insgesamt 49 E-Trottinetten zerstéiert ginn. D'Gefierer, déi wéinst Verstéiss géint de Code de la route saiséiert gi waren, haten e Gesamtgewiicht vun 1.560 Kilogramm.

Am Kader vun dëser Aktioun kruten d'Polizisten och eng Formatioun an Zesummenaarbecht mat der ASBL Ecotrel. Dobäi stoungen ënner anerem illegal Manipulatiounen un E-Trottinetten, d'Brandgefor vun Akkuen an déi fachgerecht Demontage a Lagerung vun de Gefierer am Mëttelpunkt.

D'Police erënnert drun, datt E-Trottinetten dem Gesetz no net méi séier wéi 25 km/h däerfe fueren. Wien d'Vitess vu sengem Gefier duerch Manipulatioun erhéicht, riskéiert strofrechtlech Konsequenzen an eng méiglech Saisie vun der Trottinett.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab