Internationale Futtball: Frae-WM vun 2031 u mat 48 Ekippen

D'Spuenierinnen hate sech 2023 mat 1-0 géint d'Englännerinnen duerchgesat an de WM-Titel gewonnen.

D‘Fifa-Weltmeeschterschaft bei den Damme wäert méi grouss ginn. Vun 2031 un dierfen am Ganzen 48 Länner un der WM deelhuelen.

Aktuell sinn et der nach 32, an dat och fir d‘WM 2027 a Brasilien, op där d'Spuenierinnen hiren Titel wëlle verdeedegen.

Um ausseruerdentleche FIFA Kongress gouf e Méindeg annoncéiert, datt d‘Weltmeeschterschaft 2031 a véier Länner wäert gespillt ginn, an den USA, Mexiko, Costa Rica an Jamaika.

2035 gëtt d‘WM dann a Groussbritannien ausgedroen: an England, Nordirland, Wales a Schottland. Och do da mat 48 Natiounen.

Bei den Häre war d‘WM dëst Joer jo och fir déi éischte Kéier mat 48 Equippe gespillt ginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab