Patiente gi fir nei Rendez-vouse kontaktéiert: Informatiksproblem am Centre hospitalier du Nord ass gefléckt
Ma zanter 17 Auer den Owend funktionéiert nees alles, wéi de Generaldirekter Paul Wirtgen am RTL-Interview seet. "Den Dossier vum Patient ass erëm voll informatesch do."
Informatiksproblem am Centre hospitalier du Nord ass gefléckt
Wärend dem Ausfall vum System hat sech d’Personal d’Dossiere vun den hospitaliséierte Patienten op Pabeier ausgedréckt - esou wéi d’Noutfallpläng et virgesinn. D’Rendez-vouse fir Patienten, déi vu bausse fir eng Consultatioun oder beispillsweis eng Rëntge sollten an d’Spidol kommen, ware vun de Moien 11 Auer u bis de Mëtte mat ofgesot. D’Urgencë waren zwar op, mee d’Ettelbrécker Spidol huet awer keng SAMUen ugeholl.
D’Systemer wieren elo stabel, seet de Paul Wirtgen. "Jiddereen, dee muer Rendez-vous huet, soll kommen."
Och déi Leit, déi e Méindeg den Owend e Rendez-vous fir eng Rëntgen haten tëscht 18 an 22 Auer sollen hire Rendez-vous anhalen. Déi Patienten, déi e Méindeg ugeruff kruten, fir hire Rendez-vous z’annuléieren, solle waarden, bis se muer nees vum Spidol kontaktéiert ginn, fir en neie Rendez-vous auszemaachen.
D'Ursaach vum Probleem war eng technesch Pann, wéi de Generaldirekter vum CHDN erkläert. An der Kommunikatioun tëscht zwee Serverräim hätt et Inkohärenze ginn: "Fir dat ze flécken, hu mer och mat externe Partner dru geschafft an dat, wéi gesot, ass gemaach ginn, verschidde Komponente progressiv, déi hu mussen ausgetosch ginn an dank där Aktioun geet et eebe lo."
Liest hei nach emol den Artikel vun e Méindeg de Moien:
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗