Keng Resultater zu Drone-Virfäll: De Gros vun der Oppositioun seet sech enttäuscht

Et war net keen! Mä wien et war, ass net gewosst an och net wat et war. Op alle Fall kann technesch gesinn, net confirméiert ginn, datt et Drone waren, déi viru ronn zwee Méint um Lëtzebuerger Himmel fir Opreegung gesuergt hunn. De Premier Luc Frieden an den Inneminister Léon Gloden hunn e Méindeg de Moien déi concernéiert Chamberkommissiounen informéiert. D'Oppositioun seet sech no der Sëtzung méi wéi enttäuscht.

Keng Resultater zu Drone-Virfäll: Gros vun Oppositioun enttäuscht

Fir d'LSAP ass den Dossier op alle Fall net zou. D'Deputéiert Liz Braz huet kee Versteesdemech dofir, datt d'Regierung zwee Méint no de Virfäll keng aner Resultater presentéiere konnt ewéi déi doten.

"Et feelen eis offensichtlech Moyenen, fir professionell Analysen ze maachen. Ech zéien awer och op där anerer Säit d'Konklusioun, dass mer hei eng Regierung hunn, déi op engem Niveau kommunizéiert huet, wat awer Amateurismus ass. Mir hunn am September alleguer Angscht gemaach kritt. Mir hu keng kloer Aussoe gemaach kritt an awer dat, wat gesot ginn ass, huet op verschidde Saache gedeit. Haut kréie mer gesot, dass dat alles net sou war, wéi et deemools eriwwerkoum."

Eng extrem enttäuschend Sëtzung, fënnt och den Deputéierte Meris Šehović vun Déi Gréng.

"Haut hu mer gemierkt an der Chamberssëtzung, dass d'Regierung eis eigentlech just konnt soen, dass se ëmmer nach net weess, vu wou déi Drone kommen, wie se gesteiert huet a mat wéi engen Ziler se hei waren. Se konnt souguer mol net méi soen, ob et da lo wierklech Drone wären. Ech mengen, dass dat grav Lacunnen an eisem Sécherheetsdispositif opleet."

Mir wieren also bei der Detektioun alles anescht ewéi gutt opgestallt, sou de Meris Šehović. An deem Kontext seet de Marc Goergen vun de Piraten, datt d'Regierung virun annerhallwem Joer op alle Fall falsch Versprieche gemaach hätt

"Do hu se eis verséchert, dass Lëtzebuerg immens gutt ekipéiert wär, dass mer alles géingen detektéieren an dass et kee Problem wär. An haut kréie se mol net eng einfach Frequenz hin. Ech hu gefrot, ob déi Frequenz dann eng kommerziell oder eng militäresch gewiescht wär. Dorobber konnte se net äntweren."

D'Drone wieren eng reell Gefor. Et wier positiv, datt sech elo endlech mat deem Sujet befaasst géing ginn, sot den ADR-Parlamentarier Tom Weidig, fir deen d'Regierung awer effektiv net optimal kommunizéiert huet.

Op Säite vun de Majoritéitsfraktioune schwätzt d'DP-Deputéiert Corinne Cahen vun enger konstruktiver Reunioun. Wa keng technesch Equipementer eng Dron konnte feststellen, da muss een dat soen an dat hätt d'Regierung elo gemaach.

Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach gesäit eng Plus-value dran, datt dëse Virfall elo opgeschafft gëtt an datt ee fir d'Zukunft ka bäiléieren.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab