Virfall an der Montée de Clausen: "Ask for Angela" schwätzt vu Viol
"Eng weider Vergewaltegung an der Stad Lëtzebuerg", schreift Ask for Angela e Freiden (20. November) an de Soziale Medien. Den Incident war weder vun der Police nach vum Parquet ëffentlech gemaach ginn. Eng besuergte Persoun hätt d'Associatioun kontaktéiert, erkläert d'Presidentin vun Ask for Angela. "Sie war besuergt, well näischt public gemaach gi war. Wei vill aner Attacken och", sou d'Terri Allington.
An der Nuecht vum Samschden, dem 14. November soll e Mann eng Fra an eng Säitestrooss vun der Montée de Clausen gezunn hunn a si op engem Parking vergewaltegt hunn. Zwee Männer hätten dat matkritt a wieren dem Verdächtegen nogelaf, mee ouni Succès.
D'Terri Allington erzielt, dass d'Associatioun reegelméisseg géing vu Frae kontaktéiert ginn, déi harceléiert oder aggresséiert gi wieren. Ma net all dës Affäre géingen ëffentlech gemaach ginn. "Mir hunn dat hei [ëffentlech] gemaach, well mir zu 100 Prozent Vertrauen an d'Informatiounen hunn, déi mir kritt hunn", seet si. Wat natierlech net géing heeschen, dass een aneren Informatiounen net géing trauen. Mee et hätt een net ëmmer d'Méiglechkeet, alles ze verifizéieren.
Ëffentlechkeet gouf net informéiert
Besonnesch kritiséiert d'Terri Allington, dass d'Ëffentlechkeet net informéiert gëtt. "Ech mengen, d'Ëffentlechkeet muss iwwer esou Virfäll informéiert ginn, wa se geschéien. Mir kréien ëmmer erëm dat Bild vun engem utopesche Lëtzebuerg vermëttelt. An a ville Beräicher ass et och en aussergewéinlecht Land. Mee wann d'Leit an enger falscher Sécherheet liewen, da sinn se net opmierksam genuch", stellt d'Presidentin vun der Associatioun fest.
D'Fro un de Parquet, no wéi enge Krittären decidéiert gëtt, ob esou Fäll ëffentlech gemaach ginn oder net, gouf net beäntwert. De Parquet confirméiert zwar den Incident an der Montée de Clausen, erkläert awer: "Wat genee geschitt ass, an och d'Ëmstänn bleiwen ze klären". D'Police wier mat den néidegen Iwwerpréiwunge chargéiert. Wisou d'Ëffentlechkeet net informéiert gëtt, kann d'Terri Allington net novollzéien. Dacks géing argumentéiert ginn, dass d'Enquête net soll behënnert ginn.
D'Autoritéiten an d'Police géingen an de Medien an op hire Websäiten erklären, dass eng präventiv Mesure fir Fraen doranner besteet, onsécher Plazen z'evitéieren. Mee wéi soll een onsécher Plazen evitéieren, wann d'Police net emol seet, wou esou Attacke geschéien, freet d'Terri Allington.
Schonn am August war et zu enger presuméierter Vergewaltegung an enger Wunneng an der Groussgaass komm. Och an dësem Fall hat Ask for Angela de Virfall ëffentlech gemaach. De Parquet hat kuerz drop och d'Ëffentlechkeet doriwwer informéiert.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗