Kehl (D) direkt nieft Stroossbuerg: Zwee Erwuessener an dräi Kanner stierwen no Gasfuite a Wunneng

Zwee aner Kanner goufe vun de Secouristen op der Plaz versuergt, heescht et vun der Police vun Offenburg. Ob een techneschen Defekt Schold war, oder ob de Virfall eng Strofdot war, gëtt elo ermëttelt.

Bei den Affer handelt et sech éischten Erkenntnisser no ëm de Familljepapp, eng Fra, déi Deel vun der Famill war, an dräi Kanner vun der Famill. D'Kanner wieren e Méindeg de Moien net an der Schoul opgedaucht, wouduerch d'Autoritéite bei d'Residence gefuer wieren, fir no hinnen ze sichen. Wou keen hinnen d'Dier opgemaach huet, gouf d'Police geruff.

Ee Policebeamten an een Zeie goufe liicht blesséiert, wou si d'Gas an der Wunneng ageotemt hunn. Si hu missen an engem Spidol betreit ginn. Wou d'Kriminalbeamten an enger spezieller Schutzausrüstung an d'Wunneng konnte goen, hu si déi fënnef Doudeg fonnt.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab