Sträit ëm belsche Staatsbudget: Premier Bart de Wever huet Demissioun ugebueden, Kinnek Philippe huet nach net decidéiert

De belsche Premier Bart de Wever huet dem Kinnek Philippe seng Demissioun ugebueden. Dee léisst sech nach Zäit mat senger Decisioun, ewéi belsch Medie mellen.

Verëffentlecht: 02.11.26 09:22, Update: 02.11.26 14:54

Belsche Premier Bart de Wever huet Demissioun ugebueden

De Kinnek Philippe léisst sech nach Zäit mat senger Decisioun, ewéi belsch Medie mellen.

Hie wëll vun en Dënschdeg un d'Parteipresidente vun der Regierungskoalitioun fir d'éischt gesinn, fir bis e Freideg eventuell eng Léisung ze fannen. Grond fir dem de Wever seng Demissioun ass nämlech, datt et der belscher Regierung weiderhin net geléngt, sech iwwert e Staatsbudget eens ze ginn.

An deenen nächsten dräi Joer sollen 10 Milliarden Euro gespuert ginn. Dem Bart de Wever seng flamännesch Partei an de liberale Mouvement Réformateur wëllen heifir d'Depensen am Santéssecteur kierzen. D'Sozialisten an déi Lénksliberal fuerderen dogéint eng méi héich Verméigenssteier.

Sollt keng Léisung fonnt ginn dann ass d'Regierung De Wever um Enn. Da muss een entweder eng aner Majoritéit fannen oder et kënnt zu Neiwalen. Den de Wever wollt u sech spéitstens bis en Dënschdeg e Budget op d'Bee gestallt hunn.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅