Hodgkin-Lymphom: Kabarettist Dieter Nuhr u Kriibs erkrankt

Hodgkin-LymphomKabarettist Dieter Nuhr u Kriibs erkrankt

Den Hodgkin-Lymphom ass eng Kriibserkrankung vum Lymphsystem.

Verëffentlecht: 23.11.26 15:37

Den däitsche Kabarettist Dieter Nuhr ass eegenen Aussoen no u Kriibs erkrankt. Op sengem Facebook schwätz de 66 Joer ale Mann vum Hodgkin-Lymphom.

D'Krankheet wier trotz hirem "schlëmm" kléngenden Numm ganz gutt heelbar, esou den Nuhr. Hie misst sech elo allerdéngs enger Therapie ënnerzéien.

Aus dësem Grond seet hien all seng Optrëtter an Tëleessendunge bis d'Fréijoer of. Och säin traditionelle Joresréckbléck wäert dëst Joer net stattfannen.

Trotz der Diagnos weist sech de Kabarettist zouversiichtlech. "Et hätt och méi schlëmm kënne kommen", schreift hien. Hie wëll d'Behandlung elo duerchzéien a freet sech schonn op en Neistart.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab