Budgetssträit geet weider: Streik an der Belsch behënnert Fluchverkéier am ganze Land

In Belgien hat ein landesweiter Generalstreik am Montag den Flugverkehr lahmgelegt. Die Gewerkschaften riefen zu Demonstrationen gegen die Sparpläne der Regierung auf, die seit Wochen über den Haushalt für 2027 streitet.

An der Belsch huet e landeswäite Generalstreik e Méindeg de Fluchverkéier gestoppt. Op béide Passagéierfluchhäfen zu Bréissel a Charleroi goufe bal all Departen an Arrivéeën ofgesot, well d'Fluchpersonal gestreikt huet. D'Gewerkschaften hunn zu Demonstratioune géint d'Spuerpläng vun der Regierung opgeruff, déi zanter Wochen iwwer de Budget fir 2027 streit. Bei Verhandlungen e Méindeg de Mëtteg konnte sech d'Koalitiounspartner op en neits net eenegen.

De Fluchhafe Charleroi hat de Fluchtrafic e Méindeg komplett gestoppt. Um Fluchhafen zu Bréissel falen all d'Flich tëscht 7 an 21 Auer aus. D'Entreprise Skeyes, déi fir d'Fluchsécherung zoustänneg ass, hat erkläert, datt et fir Noutfäll a sécherheetsrelevant Flich eng Mindestbesetzung u Fluchpersonal gëtt.

Zu Bréissel sinn Dausende Leit géint d'Pläng vun der Regierung op d'Strooss goungen. Opgeruff dozou haten déi dräi gréisst Gewerkschafte vum Land. De Regierungschef Bart De Wever plangt bis 2029 ronn zéng Milliarden Euro ze spueren, fir déi belsch Staatsverscholdung ze verréngeren. Virgesi si Kierzunge bei ëffentlechen Depensen an eng Erhéijung vun der TVA.

Bannent senger Koalitioun gëtt et awer nach keen Accord iwwer de Budget fir dat nächst Joer. Bei enger Verhandlungsronn e Méindeg gouf et op en Neits keng Eenegung. "Et ass net gutt gelaf", sot de Vize-Regierungschef vun der liberaler Partei MR, den David Clarinval, der Noriichtenagence Belga. Hien huet de flamännesche Sozialdemokrate vu Vooruit reprochéiert, net nozeginn.

Déi rietsnationalistesch Neo-flamännesch Allianz N-VA vum De Wever a Vooruit regéieren zesumme mat de béide konservative Parteien LE an CD&V. De Regierungschef huet dem Belsche Kinnek Philippe wéinst dem Sträit scho säi Récktrëtt ugebueden, de Philippe huet dat awer refuséiert an hien opgefuerdert, weider ze verhandelen.

De Palais huet e Méindeg matgedeelt, datt de Kinnek all bedeelegt Parteien oprifft, "Verantwortung ze iwwerhuelen an am allgemengen Interessi ze handelen". Anescht wéi an de leschte Woche setzt de Kinnek keen Delai, den De Wever soll awer all Woch am Palais iwwer d'Verhandlunge beriichten.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab