No Affär mat Spiounin: Jensen Huang nees un der Spëtzt vun Nvidia
De Verwaltungsrot vum US-Chipkonzern Nvidia huet de Jensen Huang eestëmmeg nees als Generaldirekter a President agesat. Dat huet d'Entreprise e Méindeg matgedeelt. No Gespréicher mam Jensen Huang a mat héije Vertrieder vun der US-Regierung gesäit de Verwaltungsrot kee Risiko méi fir d'national Sécherheet.
Den Huang war Mëtt November zeréckgetrueden, nodeems Berichter iwwer seng Affären opkomm waren. Eng dovun hat hie mat der chineesescher Geschäftsfra Alice Huang, déi der New York Times no Kontakter zum chineesesche Geheimdéngscht soll gehat hunn. Hir Firma Megaspeed steet och am Verdacht, héich performant Nvidia-Chips illegal a China exportéiert ze hunn.
Déi intern Enquête géint den Huang leeft trotz sengem Retour weider. Nvidia wëll ausserdeem seng Kontrollmechanisme fir national Sécherheet an Exportreegele verstäerken.
Den US-President Donald Trump hat sech e Sonndeg nach ausdrécklech fir eng Réckkéier vum Jensen Huang ausgeschwat.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗