Match war ofgebrach ginn: HB Esch äussert sech no Zesummestouss tëscht zwee Spiller
Nodeems beim Handballmatch e Samschdeg den Owend tëscht Esch an Diddeleng déi zwee Escher Spiller Ermin Muric an Tom Krier anenee geknuppt waren an hu missten an d‘Klinik ageliwwert ginn, huet de Veräin elo an engem Communiqué reagéiert.
Den Ermin Muric konnt d'Spidol an Tëschenzäit nees verloossen.
Den Handball Esch wëll aktuell keng weider Detailer, notamment zu der Blessur vum Tom Krier an dem Ermin Muric matdeelen a rifft dozou op, d'Privatsphär vun de béide Spiller, hire Familljen an der ganzer Ekipp ze respektéieren.
D‘Partie war nom Tëschefall Ugangs der zweeter Hallschent ofgebrach ginn.
Artikel vum 22. November 2026
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗