Keen Hiweis op Gefor: Honnerte Bommemenacë géint Schoulen an Däitschland

Eleng a Baden-Württemberg sinn der Police no Menacë géint iwwer 450 Schoule gemaach ginn, a Sachsen-Anhalt waren et eng 260 Ariichtungen. Och Schoulen zu Berlin, Niedersachsen, Rheinland-Pfalz, Sachsen, Schleswig-Holstein an Thüringen krute Menacen. Hiweiser fir eng konkreet Gefor gëtt et aktuell net.
D'Ermëttler ginn net vun eeschte Menacen aus. D'Maile si verschiddene Policeberichter no e Méindeg de Moien erakomm. Der Police zu Hannover an Niedersachsen no hu sech d'Menacë virun allem géint Primärschoule geriicht. Verschidden Autoritéite mellen, datt d'Mailen d'nämmlecht formuléiert gewiescht wieren. Wien hannert de Menacë stécht, ass aktuell nach net gewosst.
An de betraffene Regioune goufen Ermëttlunge wéinst der Stéierung vum ëffentleche Fridden duerch d'Menace vu Strofdoten an d'Weeër geleet. An Thüringen huet d'Police de Schoule geroden, de Betrib normal weiderzeféieren an net ze evakuéieren.
E Spriecher vum Bundesinneministère sot zu Berlin, d'Virfäll wieren am Kader vun enger "insgesamt héijer an abstrakt Gefährdungslag" geschitt. Déi konkret Menacë missten elo vun den zoustännegen Agencen an de Länner bewäert ginn. Schoulen a Sécherheetsagence wieren awer op esou Virfäll preparéiert.
Änlech Menacen haten et an de leschte Wochen och schonn an aneren europäesche Länner ginn. Schoulen an Italien, Groussbritannien an Irland ware betraff. E Méindeg goufen och Menacen a Schoulen an Dänemark gemellt.
Besonnesch vill Virfäll hat et rezent an Italien ginn, wou iwwer 6.300 Schoule Menacë kruten, déi vun engem taiwanesche Kont verschéckt gi waren. Och géint Fluchhafen a Medienhaiser hat et Menace ginn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗