OGBL: Neie Kollektivvertrag fir ronn 130 Mataarbechter vum ACL

Den ACL an den OGBL hunn den 19. November en neie Kollektivvertrag fir ronn 130 Mataarbechter vun ACL Services SA ënnerschriwwen. Den Accord trëtt den 1. Januar 2027 a Kraaft a gëllt fir dräi Joer. E bréngt eng Rei Verbesserunge bei de Paien an den Aarbechtskonditiounen.

Esou klammen ënner anerem d'Zouschléi fir Nuetsaarbecht op 30 Prozent a fir Sonndesaarbecht op 80 Prozent. Och verschidde Primme ginn erhéicht.

Donieft ginn d'Reegele fir den 13. Mount ugepasst. No zwee Déngschtjore kréien d'Mataarbechter e kompletten 13. Mount. Am éischte Joer ginn et 25 Prozent pro rata, am Joer drop 75 Prozent.

Och beim Congé ginn et Neierungen: Wie 15 Joer am Betrib schafft, kritt een zousätzleche Congésdag. Ausserdeem gëtt d'Méiglechkeet agefouert, Congésdeeg un aner Mataarbechter ze spenden.

D'ACL-Generaldirektesch Miriam Eisenmenger betount, datt den Accord d'Vertrauen an d'Zesummenaarbecht tëscht der Direktioun an de Mataarbechter stäerke soll.

Den offizielle Communiqué.pdf

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab