Coupe am Futtball: Just een éischtklassegen Duell an den 1/8-Finallen, Titelverdeedeger FCD03 muss op Bieles
E Méindeg de Moie goufen d'1/8-Finallen an der Coupe de Luxembourg vun den Hären ausgeloust. Bei den Damme stoung d'Auslousung vun de 1/4-Finallen um Programm.
Verëffentlecht: 23.11.26 13:44, Update: 23.11.26 13:45

Coupe de Luxembourg
Am nationale Futtball kënnt et an den Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg zum Duell tëscht Munneref a Wolz, wat deen eenzege Match mat zwou Ekippen aus der ieweschter Divisioun ass.
Den Titelverdeedeger Déifferdeng muss op Bieles, Monnerech kritt Besuch vu Käerjeng, Berbuerg krut de Racing zougeloust, Iechternach spillt géint Rodange a Kanech géint Feelen.
Beggen hat am leschten Tour den Tabelleleader aus dem nationale Futtball Stroossen eliminéiert a spillt elo géint Péiteng.
D‘Matcher si fir den 13. Dezember programméiert.
Coupe des Dames
Och bei den Damme war den Tirage vun de Véierelsfinallen.
Den Titelverdeedeger Racing spillt zu Dikrech, Käerjeng kritt Besuch vun Hesper, Ell spillt géint Beetebuerg an Diddeleng géint d’Entente Red Black Red Star Luxembourg.
Hei ginn d’Matcher eréischt den 13. Mäerz 2027 gespillt.
Liest dozou och
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗