EU-UK-Accord: EU a Groussbritannien komme sech méi no, et gëtt Kritik

EU a UK kommen sech nees méi no / Reportage Pierre Jans
Zu Bréissel hate béid Säite virum Weekend en neien Accord op d‘Bee gestallt. Wärend de brittesche Premierminister vun engem historesche Schratt schwätzt, gëtt et op der Insel awer Kritik um Deal. Och vun enger fréierer Regierungscheffin.
Fir den aktuelle Premier ass et awer kloer, dass dësen Accord fir d'Vereente Kinnekräich an d'Europäesch Unioun gutt ass. "Et ass eng kloer Win-Win-Situatioun," seet den Andy Burnham.
Den Handel mat Liewensmëttel soll a béid Richtungen 2028 nees mat manner Pabeierkrom verbonne sinn, bei den CO2-Emissioune soll méi enk zesumme geschafft ginn, a wat virop déi jonk Biergerinnen a Bierger vun den zwou Säite vum Äermelkanal direkt spiere wäerten: vun 2030 u solle pro Joer bis zu 100.000 Jonker ouni Bürokratie a Groussbritannien respektiv an d'EU studéieren oder schaffe goe kënnen. De brittesche Premier geet dovun aus, dass d'Britten deen Accord begréissen, well 75 Prozent dat a Sondage soten.
Déi fréier brittesch Premierministesch Theresa May dogéint erënnert den Andy Burnham drun, dass d'Britten 2016 fir de Brexit gestëmmt hunn. "Sorry, mä ech muss dat betounen. Mir hu gesot, mir géifen op der Basis liwweren a mir sollten dat maachen."
De rietspopulisteschen Oppositiounspolitiker Nigel Farage behaapt, och hie wär fir bessere Commerce mat der EU, mä net esou. Heimat géif een a Pre-Brexit-Zäiten zeréckfalen. "Den Deal ass keen Neistart. Et ass e Retour. E Retour an d'Zäite virum Referendum."
Woubäi den neien Deal fir d'UK kee Retour an den EU-Bannemaart oder d‘Zollunioun bedeit.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗