No Accident zu Fouss fortgelaf: Police sicht Zeien no Tëschefall op der A13 Héicht Déifferdeng
Implizéiert waren hei en Opel Corsa an en Opel Insignia. Wéi d'Police schreift, wier de Chauffer vum Insignia nom Accident zu Fouss vun der Plaz geflücht. Eng direkt Sich nom Mann war ouni Succès.
Well aktuell nach net kloer ass, wéi den Accident genee entstanen ass, sicht d'Police elo no Zeien, déi den Accident gesinn hunn oder awer Informatiounen zum Chauffer vum Insignia respektiv senger Faarweis vun deem Zäitraum hunn. Weider gi Leit gesicht, déi kënne soen, a wéi eng Richtung de flüchtege Fuerer gaangen ass oder gesinn hunn, ob hie méiglecherweis vun engem aneren Auto matgeholl gouf.
Déi Persoune solle sech bei der Verkéierspolice um (+352) 244 17 5200 oder per E-Mail op UPR@police.etat.lu mellen.
Da mellt d'Police nach véier Tëschefäll, bei deenen alkoholiséiert Automobilisten an eng Accident verwéckelt waren. Dat war eng Kéier e Sonndeg géint 6.40 Auer zu Dikrech, dann um 16 Auer zu Sandweiler, um 19 Auer zu Réimech an um 19:20 Auer zu Biissen. An dräi Fäll gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat, zu Sandweiler gouf der Permis awer direkt agezunn.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗