All Rendez-vouse bis 18 Auer gi verréckelt: Am Centre Hospitalier du Nord kämpft ee mat informatesche Problemer, SAMU soll Ettelbréck evitéieren
De Centre Hospitalier du Nord mellt, datt et de Moien zu enger gréisserer Informatik-Pann komm ass. D'Ekippe schaffen den Ament intensiv dorun, fir d'Situatioun esou séier wéi méiglech nees an den normale Betrib zeréckzebréngen.
E puer Systemer konnte schonn nees a Betrib geholl ginn, anerer ginn nach no an no reaktivéiert. Technesch Analyse lafen, fir eng komplett a sécher Normaliséierung ze garantéieren. Bis elo gëtt et näischt, wat op eng Cyberattack hindeit.
Wéinst der Pann ginn all Rendez-vousen am CHdN, déi bis 14 Auer geplangt waren, verréckelt. Betraffe Patiente kréien en neie Rendez-vous per Telefon matgedeelt. Fir Rendez-vousen no 14 Auer gëtt d'Situatioun nach bewäert.
Fir dréngend Froe steet den CHdN ënnert der Telefonsnummer 81 66 68 000 zur Verfügung.
D'Spidol weist drop hin, datt et zu Verspéidunge komme kann, a seet de Patienten Merci fir hiert Versteesdemech an hir Gedold.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗