No massive Problemer um Méindegmoien: All d'Servicer bei der Spuerkeess sinn nees operationell

Vun direkt e puer Säite krute mer de Moie matgedeelt, dass d'Leit Problemer hu sech bei S-Net anzeloggen, sief et um Internetsite oder iwwert d'Applikatioun. Aner Leit mellen, dass se net konnte mat hirer Bancomatskaart bezuelen.

Um Site vun der Spuerkeess ass dann och ze liesen, dass ee sech fir d'Problemer entschëllegt, an een dru schafft, fir dës sou séier wéi méiglech ze behiewen. Hei ass allerdéngs just rieds vum S-Net an S-Net Mobile.

"S-Net et S-Net Mobile sont actuellement indisponibles. Nous présentons nos excuses pour ce désagrément et travaillons activement à sa résolution.
Merci de votre compréhension."

Hutt oder hat Dir de Moien och Problemer a Verbindung mam Online-Banking, dat sot eis gäre Bescheed wourëm genee et sech gehandelt huet, dëst via Email op opruff[at]rtl.lu.

Temoignagen

  • Bakir D.: An der Cafeteria net méiglech mat der Kaart ze bezuelen
  • Tamara K.: Beim Akafen zu Pärel ass d'Kaart net gaangen
  • Vanessa K.: Kaart um Handy ass net gaangen - Mamm huet extra mussen op d'Plaz kommen, fir mat Boergeld ze bezuelen
  • ...

Informatesch Pann beim CHdn

Parallel mellt de Centre Hospitalier du Nord eng informatesch Pann. Och hei gëtt dru geschafft, d'Systemer nees nei ze starten. Aktuell géif näischt drop hindeiten, dass et sech ëm eng Cyberattack géif handelen, sou d'Ausso an engem Post op de soziale Medien.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab