"Studio 2" am Kader vun der Orange Week: Gewalt géint Fraen: Wou muss Lëtzebuerg nach nobesseren?

E Mordversuch op eng Fra zu Déifferdeng, nogewise sexuell Belästegung beim CGDIS an eng Fra, déi sech no presuméiertem Mobbing op der Aarbecht ëmbréngt. Dat sinn nëmmen e puer Besipill aus de leschte Woche vu Gewalt géint Fraen. Ouni all déi Affer net ze vergiessen, déi all Dag, wäit ewech vun de Blécker, hannert zouenen Diere respektiv hannert engem Ecran leiden a mësshandelt ginn. D'lescht Joer ass quasi all Dag eng Persoun wéinst Gewalt am Stot doheem rausgeholl ginn. D'Zuele vun der haislecher Gewalt ginn zanter Jore just an d'Luucht. Den Zoulaf am éischten nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt ass quasi explodéiert wéi e bis 24/24 Stonnen ophat.

D'Thema gëtt awer och ëmmer méi visibel.

Mat "MeToo", de villen Aktioune vun Associatioune wéi "La voix des survivant(e)s", z.B. dem Fall Pelicot an och lo méi rezent der Deepfake-Affär ëm déi däitsch Schauspillerin Collien Fernandes krut Gewalt géint Fraen a Meedercher e Gesiicht an eng Stëmm. De Conseil national de femmes an ZONTA Lëtzebuerg organiséieren déi sougenannt "Orange Week" zanter 17 Joer lo schonn an et kommen ëmmer méi Evenementer bäi. Den Highlight gewëssermoossen ass e Samschdeg déi grouss Marche an der Stad. D'Gesellschaft kuckt also ëmmer manner fort, huet een op d'mannst d'Gefill. An et deet sech och eppes um juristesche Plang: Strofe goufen a gi verschäerft, Verjärungsfriste verlängert oder ganz ofgeschaaft. An et si spezifesch, nei Sanktiounen am Code pénal fir Täter vun Akte vu Cybergewalt an der Maach.

D'Politik seet, si hätt der Gewalt an eiser Gesellschaft de Kampf ugesot an datt Gewalt als gesamtgesellschaftleche Phänomen misst wouergeholl ginn. Mä wou happert et nach? Wat muss méi gemaach gi fir reell a potentiell Affer ze schützen? Wat sinn déi gréisst Schwaachstellen am System? Dat ass eist Thema en Donneschdeg den Owend am "Studio 2" mat dësen Invitéen:

Ana Pinto

Si gëtt zanter 4 Joer als Presidentin vun der Associatioun "La voix des survivant(e)s" all deenen eng Stëmm, déi keng méi hunn, déi duerch Gewalt gebrach sollte ginn.

Andrée Birnbaum

D'Generaldirektesch vun der ASBL "Femmes en détresse" gesäit an hire Strukturen all Dag Affer vu Gewalt, hir Fraenhaiser sinn zanter Jore chronesch saturéiert.

Simone Flammang

D'Procureure générale d'Etat adjointe huet duerch hir Aarbecht um Parquet am Beräich vum Jugendschutz scho vill hannert d'Fassad vun den Haiser zu Lëtzebuerg gesinn.

Kristin Schmit

Si ass d'Directrice centrale bei der Police judiciaire a vertrëtt d’Police och am Kooperatiounscomité an der Lutte géint d'Gewalt.

Tine Larsen

Si war nach bis Uganks des Mounts d'Presidentin vun der nationaler Dateschutzkommissioun. D'CNPD huet dëst Joer eng Opklärungscampagne fir a mat Jonken iwwer Gewalt am Netz lancéiert.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab