Diddeleng: Arméierten Iwwerfall an Auto geklaut - Zwee Mineure goufe gepëtzt a koumen an de Prisong
An der Nuecht vum 20. op den 21. November ass et géint 3 Auer moies zu Diddeleng zu engem schwéieren Iwwerfall komm. No den éischte Resultater vun der Enquête sollen dräi Persounen d'Affer ënner Menace vun engem Messer mat enger méi laanger Kléng an engem Objet, deen enger Schosswaff geglach huet, menacéiert hunn. Dobäi solle si den Auto an de Portmonni vum Affer geklaut hunn. Ee vun den Täter ass ze Fouss fortgelaf, iwwerdeem déi zwee aner mat dem Auto fortgefuer sinn.
D'Police huet sech direkt op d'Sich gemaach, nodeems se alertéiert goufen. De geklauten Auto konnt kuerz drop zu Esch-Uelzecht fonnt ginn. Wéi d'Polizisten agegraff hunn, waren déi zwee Brigange grad dobäi, d'Nummereschëlter auszetauschen. Beim Ubléck vun der Police si si zu Fouss geflücht. Ee vun hinne konnt awer direkt festgeholl ginn, deen aneren ass no den Enquête-Aarbechten identifizéiert a kuerz drop och festgeholl ginn.
Bei de Verdächtege handelt et sech ëm zwee Mannerjäreger vu 16 a 17 Joer. Si waren de Justizautoritéite scho bekannt a waren zum Zäitpunkt vun de Faiten aus enger Ariichtung fortgelaf, an där si am Kader vun enger Schutzmoossnam fir Jugendlecher ënnerbruecht waren.
De Parquet ënnersträicht déi besonnesch Gravitéit vun de Faiten. Nieft dem Asaz vu presuméierte Waffen an der Gewalt géint d'Affer géif och de Versuch, de geklauten Auto duerch d'Austausche vun den Nummereschëlter de Police-Enquêten ze entzéien, op eng besonnesch schro Virgoensweis hiweisen.
Well an der UNISEC zum Zäitpunkt vun de Faite keng Plaz méi fräi war, goufen déi zwee Mannerjäreger provisoresch am Prisong ënnerbruecht, bis déi zoustänneg Geriichter iwwer de weidere Verlaf decidéieren.
D'Enquête leeft weider. Si soll ënner anerem d'Roll vun den eenzele Bedeelegten, déi méiglech Bedeelegung vun anere Persounen an déi genee Ëmstänn vum Iwwerfall klären.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗