Eng kontinuéierlech Entwécklung: Zanter 2006 ass d'Zuel vun de Gemenge vun 118 op 100 zeréckgaangen

Zu Tandel hate se sech virlescht Woch nawell net lompe gelooss, wéi se den 20. Gebuertsdag vun der Fusiounsgemeng gefeiert hunn. Esouwuel d'Lokalpolitiker wéi och d'Bierger hunn ee positive Bilan vum Zesummeschloss tëscht Baastenduerf a Furen gezunn. Ma wat huet sech an deene leschten 20 Joer da landeswäit a Saache Gemengefusioune gedoen a wou soll et higoen.
Bilan an Ausbléck Gemengefusiounen / Reportage Marc Hoscheid
Genee 100 Gemenge gëtt et aktuell nach zu Lëtzebuerg. Am Saarland, dat vun der Fläch hier just minimal méi kleng ass a wou 1 Millioun Leit liewen, ginn et zum Verglach 52 Gemengen. Woubäi déi deels aner Aufgaben iwwerhuele wéi déi Lëtzebuergesch. Och am Grand-Duché soll d'Zuel vun de Gemenge reduzéiert ginn an dat ass an deene leschten 20 Joer och geschitt. Wann een d'Fusioune vun Tandel an aus dem Kiischpelt matzielt, béid Gemenge gëtt et offiziell zanter dem 1. Januar 2006, da sinn aus 118 no an no 100 Gemenge ginn. Et gouf 14 Fusiounen, an zéng Fäll sinn zwou Gemenge fusionéiert an a véier Fäll waren et der dräi, dat zu Clierf, Esch-Sauer, Housen a Schengen. Opfälleg ass, datt den Elan an deene leschten zéng Joer liicht nogelooss huet. Zanter 2016 gouf et "just" nach fënnef Fusiounen, dat ëmmer tëscht zwou Gemengen. Den Emile Eicher ass net nëmme President vum Gemengesyndikat Syvicol, mee hie war och vun 1994 bis 2011 Buergermeeschter vun der Gemeng Munzen a war vun 2011 bis 2023 Gemengepapp vu Clierf. Op Grond vu senger eegener Erfarung plädéiert hie fir ee participativen Usaz bei Fusiounen.
"Et muss een d'Leit vun Ufank u mat dobäi huelen an et muss een nolauschtere kënnen. Et muss ee sech mat de Leit auserneesetzen an och mol kucken, wat hir Iddie sinn an net onbedéngt un den eegenen Iddie festhalen. Well doduerch, datt der Iech mat de Leit zesummesetzt, kritt Der och méi ee groussen Éventail vu Méiglechkeeten a vläicht flott Projeten, déi vun der Populatioun gedroe ginn."
Drock vum Staat wier iwwerdeems kontraproduktiv. Wann, da misst den Drock scho vun de Bierger op hir Lokalpolitiker kommen. Trotzdeem hätt de Staat eng Roll ze spillen.
"Dann ass et natierlech och wichteg, datt de Staat eng Hand mat upaakt. An zwar net nëmme mat Finanzen, mee och mat Manpower, fir datt ee sou eng Fusioun ëmsetzt. Well dat kascht Aarbecht, dat ass relativ komplex an dofir brauch een och Ënnerstëtzung vun deene verschiddene Ministèren."
Do ass hien op enger Linn mam Inneminister Léon Gloden, deen d'Gemengen encouragéiere wëllt, ouni Drock auszeüben.
"Am Koalitiounsaccord steet, datt mer Fusioune positiv begleeden, datt mer se net imposéieren, datt d'Autonomie locale spillt. Dat muss vun de Leit, vun de Gemengenautoritéiten, mee och vun den Awunner selwer kommen. Ech hoffen, datt mer déi Nordstadfusioun hikréien, well ech mengen, dat kéint wierklech nach eng Kéier een Impulsgeber sinn an dann hu mer nach ee méi klenge Fusiounsprojet am Norde mat zwou Gemengen. An et ass wichteg, datt mir als Inneministère, als Partner vun de Gemengen, dee Prozess begleeden."
An enger Déliberation concordante, déi d'Gemengeréit vun deene véier Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren ugeholl hunn, gëtt eng finanziell Ënnerstëtzung an Héicht vun 10.000 Euro pro Awunner duerch de Staat gefuerdert, wat ronn 220 Milliounen Euro entsprieche géing. Gëtt ee sech da bei de Finanzen eens, Léon Gloden?
"Ech mengen, d'Finanze sinn ee wichtege Punkt nieft anere wichtegen Elementer, déi ee muss a Betruecht zéien. Mir sinn amgaangen, mat hinnen ze diskutéieren, si hu ganz héich gegraff, mir mussen eis natierlech och der Decken no strecken, mee ech si sécher, datt mer do och een Accord fannen."
Enn vum nächste Joer sollen d'Bierger an engem Referendum iwwert d'Fusioun ofstëmmen.
Ma net nëmmen an der Nordstad, mee, wéi scho vum Léon Gloden ugedeit, och ronderëm de Stau gëtt aktuell un enger Fusioun geschafft, méi genee tëscht Bauschelt an der Stauséigemeng. En Donneschdeg stëmmen déi zwee Gemengeréit doriwwer of, ob d'nächst Joer ee Referendum organiséiert soll ginn. Dee Vott wäert aller Viraussiicht no positiv ausgoen an d'Bierger dierften dann nach virun der Summervakanz dat nächst Joer no hirer Meenung gefrot ginn.
Dono gefrot, wat dann déi ideal Unzuel vu Gemenge fir Lëtzebuerg wier, wëllt sech weder den Emile Eicher, nach de Léon Gloden festleeën. Am Walkampf 2018 hat den deemolegen CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler nach gesot, d'Zuel vun de Gemenge bis 2029 op 60 reduzéieren ze wëllen.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗