Dronevirfäll am September: Wat hat et mat den Dronen op sech? Haut kritt d'Chamber Erklärunge vun der Regierung

Mëtt September dëst Joer goufen zu Miedernach, a ronderëm de Findel net identifizéiert Drone gesinn, déi derfir gesuergt hunn, dass de Fluchtrafic eng Zäit laang ënnerbrach war. De Premier an den Haut-commissariat à la protection nationale haten doropshin eng staatlech Dronen-Cellule aberuff.

Bis haut ass awer net gewosst, wat et mat deenen Virfäll op sech hat.

D'Regierung wäert haut de Moien awer der Chamber Detailer liwweren. Dat hat de leschten Donneschdeg schonns den Inneminister Gloden hei op der Antenn confirméiert.  Direkt 4 Chamberkommissiounen kommen dowéinst um 9:30 Auer an der Plenière beieneen.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab