Libyen: Explosioun op russeschem Schëff, Autoritéite gi vun Dronenattack aus

Ein russisches Schiff ist in der Marinebasis der ostlibyschen Stadt Bengasi nach Angaben der dortigen Behörden vermutlich von einer Drohne getroffen worden.

"Éischt Ermëttlungen deiten drop hin, datt et eng Explosioun u Bord vun engem russesche Schëff ginn huet, datt do am Hafen ulouch", esou d'Autoritéiten, déi dem Militärchef Chalifa Haftar ënnerstinn. "Et gëtt ugeholl, datt d'Schëff mat enger Dron attackéiert gouf."

D'Schëff wier deemno um Réckwee op Russland gewiescht. Den Tëschestopp an der Marinnebasis hätt ee gemaach, fir ze Tanken a Verfleegung fir den Equipage opzehuelen. Doudesaffer goufen et bei der Explosioun keng.

E méigleche Responsabele gouf vun de libeschen Autoritéite kee genannt, gläichzäiteg hu se awer och drop verwisen, datt si "keng Partei am russesch-ukrainesche Krich" wieren. Eng gemeinsam Enquête mat russeschen Autoritéite gouf annoncéiert. Bis elo gouf d'Explosioun och vu kengem revendiquéiert.

D'Ukrain huet an der Vergaangenheet ëmmer nees russesch Schëffer a Regioune méi wäit fort attackéiert. Am Mäerz war e Flësseggas-Tanker virun der libescher Küst ënnergaangen. De russesche President Wladimir Putin hat d'Ukrain deemools fir d'Attack responsabel gemaach. E Samschdeg hat eng Dronenattack an der Ostsee fir e Feier op engem russesche Cargoschëff virun der finnescher Küst gesuergt.

Zanter der Entmuechtung vum fréiere Staatschef Muammar al-Gaddafi am Joer 2011 ass Libyen faktesch gedeelt. Déi offiziell, vun der UNO unerkannt Regierung vum Premierminister Abdulhamid Dbeibah regéiert zu Tripolis am Weste vum Land. Se konkurréiert mam Haftar senger Géigeregierung mat Sëtz zu Bengasi am Osten. Och de Gros vum Süde vu Libyen gëtt vum Haftar senger Arméi kontrolléiert.

Aus Tripolis heescht et, et wier ee beonrouegt iwwer "d'Abezéie vun zivillen Häfen an Ariichtungen an Aktivitéiten an Zesummenhang mat externe Konflikter." Libyen wier keng "Arena fir international Konflikter", heescht et weider.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab