Projet "AquaPilot": Musel-Fär tëscht Waasserbëlleg an Uewerbëlleg soll automatiséiert ginn
Projet "AquaPilot"
D'Musel-Fär tëscht Waasserbëlleg an Uewerbëlleg soll automatiséiert ginn
De Projet leeft am Kader vum europäesche Programm "Interreg Groussregioun".
D'Fär gëtt zënter méi wéi 60 Joer vun zwou Säite bedriwwen, vun der däitscher a vun der lëtzebuergescher. Elo soll se op en neie Level kommen. De Mäerter Buergermeeschter Jérôme Laurent erkläert firwat: "Mer wëllen an nächster Zukunft net méi esou ofhängeg si vu Personal, dat ausfält oder krank gëtt."
Wann d'Fär net fiert, ass dat besonnesch fir d'Vëlosfuerer e Problem. Rieds geet vun ongeféier 15.000 Vëloen am Joer. Si mussen dann op d'mannst sechs Kilometer Ëmwee maachen. "Dat ass net verlässlech", kritt d'Gemeng heiansdo gesot. Dorop wëll de Projet eng Äntwert ginn.
Keen Defizit am leschte Joer
Dat eventuellt Defizit vun der Fär deele sech déi däitsch Gemeng Uewerbëlleg an déi lëtzebuergesch Gemeng Waasserbëlleg-Mäertert. Lescht Joer war et net néideg: Ënner anerem wéinst Streckesperrungen ass d'Fär esou vill genotzt ginn, dass et keen Defizit gouf.
Bedenke vun der Färfra
Net jidderee gesäit d'Automatiséierung ouni Suergen. D'Andrea Greif ass Färfra tëscht Waasserbëlleg an Uewerbëlleg an hält besonnesch un de Pendler fest: "Das Persönliche, das Menschliche geht aus meiner Sicht total verloren." Si géing d'Beruffspendler kennen, déi all Dag matfueren, op si ugewise sinn a sech freeën, wa si do ass. Wann elo Maschinnen an d'Kënschtlech Intelligenz iwwerhuelen, wier et vläicht manner schéin, matzefueren, erzielt si ons.
Si mécht sech och ganz praktesch Gedanken. Wann an Zukunft Touchscreens verbaut ginn, géif hir d'Haptik vun de Knäpp feelen. Fir d'Ëmfeld am Bléck ze behalen, brauch si Knäppercher, fir se ze fillen, ouni kucken ze mussen.
Fir d'Pendler an d'Vëlosfuerer soll d'Fär méi verlässlech ginn. Fir d'Leit um Steier geet et ëm méi: nämlech ëm hir Aarbecht an de Kontakt mat de Passagéier.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗