Uewersauertrail: Jil Gillen a Luca Clees nei Championen am Trail iwwer déi laang Distanz
Jil Gillen a Luca Clees nei Lëtzebuerger Championen
Den Uewersauertrail ass ganz beléift. Dat weist och dass de Belsche Champion op en Neits mat um Depart war. De Christophe Prémont sollt den Trail gewannen.
Um 8 Auer de Moien ass et fir d'Atleten an d'Atheltinnen bei minus 1 Grad lass gaangen.
Den Uewersauertrail iwwert déi laang Distanz, wat ganzer 57 Kilometer sinn, gouf vum Belsche Champion Christophe Prémont an enger Zäit vun 4:16:39 gewonnen. Domat huet hien e neien Streckerekord egaliséiert. Op der zweeter Plaz mat knappen 13 Minutte Retard klasséiert sech de Florian Descamps. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir de Sébastien Carabin.
Beschte Lëtzebuerger ass de Luca Clees op der 6. Positioun. Mat enger Zäit vun 4:54:56 leeft de Luca Clees iwwert de Stréch, wat gläichzäiteg bedeit dass de Leefer vun FLA/IND neie Lëtzebuerger Champion iwwert déi laang Distanz ass. Et ass säin 3 Champion Titel a senger Karriär. De Podium fir den Lëtzebuerger Championnat komplettéieren de Chris Reckinger (04:56:54) an de Luc Kieffer (04:58:15), alle béid vum Celtic Dikrech.
Bei den Damme geet d'Victoire un déi Däitsch Leeferin Joanna Tallmann. Sie leeft an enger Zäit vu 5:14:55 als éischt iwwert d'Arrivée. Op der zweeter Plaz klasséiert sech mam Jil Gillen (5:18:27) dann och direkt schonn déi éischt Lëtzebuergerin, wat gläichzäiteg och de Lëtzebuerger Champion-Titel fir d'Jil Gillen vum FLA/IND bedeit. Déi drëtte Plaz ass fir d'Hélène Delmée (5:29:47). Déi zweet Lëtzebuergerin, d'Shefi Xhaferaj vum Capa Ettelbréck, leeft an der Damme Course op déi 6. Plaz, an engem Chrono vun 5:55:02.
Déi komplett Resultater vum Uewersauer Trail iwwer 57 Kilometer
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗