BPCO: D'Longekrankheet, déi sech lues a lues aschläicht an dacks iwwersi gëtt

Just d'Hallschent vun de Betraffene weess, datt se BPCO huet. Dobäi léisst sech d'Krankheet mat engem einfachen Test erkennen. De Longendokter Marc Schlesser erkläert, op wat een oppasse soll.

Longekrankheet BPCO / Reportage: Gilles Hoffmann

BPCO steet fir "Broncho-Pneumopathie chronique obstructive". Et ass eng chronesch Entzündungskrankheet, déi d'Bronchien an d'Longen trëfft. Se gëtt mat der Zäit ëmmer méi schlëmm an zerstéiert d'Longen no an no. Dobäi kënnt se net iwwer Nuecht. "Et ass net wéi en Häerzinfarkt oder en Hiereschlag, dee vun enger Sekonn op déi aner do ass", seet den Dokter Schlesser. D'BPCO manifestéiert sech iwwer Joren. Just ongeféier d'Hallschent vun de Betraffene weess iwwerhaapt, datt se d'Krankheet huet. Et gëtt also ze wéineg diagnostizéiert.

Fëmmen als Haaptursaach

Déi wichtegst Ursaach bleift den Tubak. 80 bis 85 Prozent vun de Fäll hu mam Tubakskonsum ze dinn. Och Cannabis an aner Substanzen, déi een inhaléiert, däerfen net vergiess ginn. D'Loftverschmotzung ass dogéint zu Lëtzebuerg kee Grond fir BPCO ze kréien, seet den Dokter, mee extrem Situatioune wéi déi grouss Bränn an der Belsch kënnen eng existent Krankheet akut verschlëmmeren.

Dës Warnzeeche sollt een eescht huelen:

Houschten, mat bësse Schläim, méi schwéier Loft kréien, méi wéi zwou Bronchitten am Joer. Wie fëmmt an esou Zeeche bemierkt, soll mat sengem Dokter doriwwer schwätzen. D'Diagnos gëtt mat enger Spirometrie gestallt. Dobäi bléist een an eng Maschinn, déi d'Longevolume miesst. Dat dauert fënnef bis zéng Minutten an deet net wéi. Et muss ee just den Uweisunge vum Dokter follegen.

Net heelbar, mee behandelbar

Heele kann een d'BPCO net. Mee haut ass et méiglech, ze verhënneren, datt se virugeet an d'Symptomer staark ze reduzéieren. An Zukunft kéint méi dra sinn. Bei enger bestëmmter Grupp vu Patiente kéinten nei Medikamenter mat Antikierper d'Entzündung ganz geziilt blockéieren. "Mir wäerten an den nächste Joren eng Revolutioun erliewen", seet den Dokter Schlesser. Hien hofft, datt een an den nächsten zéng Joer d'BPCO mat Medikamenter aktiv stoppen a vläicht souguer e bëssen zréckdréie kann.

Un d'BPCO denken, wann aner Krankheeten opdauchen

D'Krankheet zitt aner Krankheeten no sech, dorënner Häerzkrankheeten, Häerzinfarkten, Hiereschléi, Depressiounen, Longekriibs an Zockerkrankheet. Wann eng vun dëse Krankheete bei enge, dee fëmmt, opdaucht, sollt ee souwuel als Dokter wéi och als Patient un eng BPCO denken.

Eng Chance beim Longekriibs

Och beim Longekriibs gesäit den Dokter Potenzial. Zu Lëtzebuerg gëtt un engem Programm geschafft, fir de Longekriibs fréi z'entdecken. Well d'Risikofacteuren déi selwecht sinn, wier et fir de Marc Schlesser sënnvoll, direkt och no BPCO ze sichen.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab