Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: Liverpool léisst Manchester United keng Chance, Bremen gewënnt den Nord-Derby

Nodeems Barcelona no 7 Minutten mat 0:2 a Réckstand louch, kann een de Match um Enn nach mat 3:2 gewannen. De Laurent Jans war iwwerdeems mat Beveren am Asaz. Detailer fannt dir an eise Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.
Bundesliga
FC Augsburg - FSV Mainz (15:30)
Werder Bremen - HSV (17:30)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Premier League
Hull City - Brighton 2:0
1:0 McBurnie (90+2'), 2:0 Mc Burnie (90+5')
Brighton muss sech iwwerraschend mat 0:2 auswäerts geschloe ginn. Dobäi huet et laang no engem 0:0 Gläich ausgesinn. An enger hektescher Schlussphase, an där de Brighton Spiller Costinha mat Giel Rout vum Terrain geflunn ass, huet de McBurnie an der Nospillzäit direkt zwee mol zougeschloen. Brighton hat et iwwer 90 Minutten net fäerdeg bruecht hier gutt Chancen ze notzen. Hull huet dëse Chancewucher an der Schlussphase äiskal ausgenotzt a gewënnt um Enn mat 2:0. Domat huet Arsenal London an der Tabell elo 6 Punkte Virsprong op Brighton.
FC Liverpool - Manchester United (17:30)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Serie A
Juventus Turin - FC Venedeg 4:0
1:0 Woltemade (53'), 2:0 Koopmeiners (59'), 3:0 Cabal (65'), 4:0 Kolo Muani (71')
Juventus Turin setzt sech mat 4:0 géint Venedeg duerch a steet no 12 Spilldeeg bei 21 Punkten. Nodeems et a der Paus nach 0:0 tëscht béide Formatioune stoung, huet de Luciano Spalletti mat der Awiesslung vum Däitschen Nick Woltemade fir neie Schwong gesuergt. An sou war et dann och de Woltemade selwer, dee Juve an der 53. Minutt a Féierung geschoss huet. De Bann war gebrach, an bannent 18 Minutten huet d'Lokalekipp aus engem 0:0 ee 4:0 gemaach. Duerch eng däitlech besser zweet Hallschent gewënnt Juventus verdéngt mat 4:0 géint den Opsteiger vu Venedeg.
AC Mailand - Frosinone Calcio (18:00)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Ligue 1
FC Paris - SCO Angers 4:0
1:0 Zabi (47'), 2:0 Koleosho(55'), 3:0 Lopez (65'), 4:0 Coppola (72')
FC Lorient - Stade Rennes (17:15)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
La Liga
FC Barcelona - Villarreal 3:2
0:1 Buchanan (5'), Oluwaseyi (7'), 1:2 Martin (57'), 2:2 Fermin (61'), 3:2 Nacarro (Selbstgol, 67')
Villarreal ass perfekt an de Match gestart a louch no 7 Minutte mat 2:0 am Camp Nou a Féierung. Virun allem beim 1:0 hunn d'Gäscht vun engem schwéiere Feeler vum Fermin profitéiert. Barcelona ass an der Suite vum Match ugerannt, sollt virum Gol awer déi néideg Präzisioun vermesse loossen. An der 23. Minutt huet de Yamal dunn een Eelefmeter just un de Potto gesat, sou dass och nach Pech dobäi koum. An der Paus louch ee mat 0:2 a Réckstand.
Bannent 10 Minutten huet d'Ekipp vum Hansi Flick no der Paus de Match konnten dréinen an esou louch ee no 67 Minutten mat 3:2 a Féierung. D'Féierung sollt een dann och net méi aus der Hand ginn. Eng méi wéi verdéngte Victoire, wat och Statistik vun 30 zu 4 Schëss fir d'Lokalekipp beleet. An der Tabell steet Barca deemno weider 3 Punkten virum Real.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗