Fannt den Text, fir nozeliesen, online: Dräi Gewënnerinne bei der traditioneller RTL-Dictée

De Weekend ass déi 31. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg. Zanter e Samschdeg de Moien an nach bis e Sonndeg den Owend kommen d'Frënn vum Buch nees op hir Käschten. D'Walfer Bicherdeeg, dat sinn dräi Halen, 178 Exposanten an iwwer 600 Meter Stänn. Dernieft gi Liesunge fir Kanner an Erwuessener, Atelieren a véier Expoen ugebueden.
En aneren traditionelle Rendez-vous am Kader vun de Bicherdeeg zu Walfer ass d'RTL-Dictée. E Sonndeg de Moien um 10 Auer konnt ee matschreiwen a seng Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen op d'Prouf stellen.
Tëscht Grammaire-Reegelen a klenge Stolpersteng
Fir den Text war och dëst Joer nees de Max Kuborn zoustänneg. Eng Dictée, déi weder ze einfach nach ze schwéier sollt sinn: "Ech bauen net bewosst Schwieregkeeten dran. Mee d'Lëtzebuerger Sprooch bréngt vu sech aus schonn eng Partie ganz speziell orthografesch Schwieregkeeten." Et misst een einfach gutt nolauschteren an d'Basisreegele kennen.
Besonnesch d'Zesummen- a Groussschreiwung, awer och eenzel Vokaler kéinten de Participantë Problemer bereeden. Datt Lëtzebuergesch schreiwen net ëmmer einfach ass, weess de Max Kuborn aus eegener Erfarung. "Wéi ech ugefaangen hunn, mech mat der Saach ze befaassen, hunn ech 60, 70 Feeler pro Säit geschriwwen. Haut sinn ech frou, wann ech der dräi, véier pro Säit hunn."
Entscheedend wier virun allem dat reegelméissegt üben. De Courage vun de Participantë bewonnert hien: "Ech fannen et einfach gutt, datt Leit heihinner kommen, de Courage hunn, an dat beweist jo fir mech och den Interêt fir d'Sprooch."
D'Gewënner sinn dräi Fraen
Wéi gewinnt, stoung de Spaass am Vierdergrond, ma awer nëmmen dee mat de mannste Feeler huet um Enn gewonnen. An dat waren dëst Joer direkt dräi Persounen. D'Samira Hoffmann, d'Lara Schroeder an d'Denise Wagner sinn all ouni Feeler bliwwen a konnte sech iwwer e Bong an dat 8. Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz mat den 117 Frechheete freeën.
Lëtzebuergesch schreiwen: Haut méi einfach wéi fréier?
Fir den Alexandre Ecker, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), ass d'Äntwert kloer: Jo. Duerch Adaptatioune vun der Orthografie an neien digitalen Hëllefsmëttel wier et haut méi einfach ginn, d'Sprooch korrekt ze schreiwen.
Nieft dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) an dem Spellchecker gëtt et mëttlerweil och den Orthotrainer, mat deem ee seng Orthografiekenntnisser verbessere kann. "D'Sprooch behält natierlech hir Komplexitéit, mä et sinn ëmmer méi Hëllefsmëttelen do, fir engem ze hëllefen", esou den Alexandre Ecker.
Eng Erausfuerderung bleift allerdéngs d'Integratioun vu Friemwierder aus dem Engleschen oder Franséischen. Hei wier net ëmmer direkt kloer, ob déi ursprénglech Schreifweis gëllt oder d'Wuert schonn un d'Lëtzebuergescht ugepasst gouf.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗