Mat Gedold, Kreativitéit a Passioun: Den Antoine Krecké mécht zanter méi wéi 20 Joer Messeren
Ee Messermécher am Porträit
Den Antoine Krecké huet a säin Atelier invitéiert.
Zanter iwwer 20 Joer stellt hien a sengem Atelier individuell Messeren hier. All Stéck ass eenzegaarteg a gëtt mat vill Gedold, Präzisioun a Léift zum Detail gemaach. Ma sou lues sicht de passionéierte Messermécher no engem Nofollger.
Ob Juegdmesser, Täschemesser oder Kichemesser – beim Antoine Krecké entsteet alles an Handaarbecht. Dobäi geet hien op déi individuell Wënsch vu senge Clienten an. Nieft dem Stol spillt virun allem d'Holz fir de Grëff eng wichteg Roll. Verschidden Holzzorte musse jorelaang dréchnen, éier se verschafft kënne ginn. A ginn dann an Däitschland ënner Vakuum stabiliséiert an oder och speziell gefierft.
Fir besonnesch exklusiv Messere benotzt hien aussergewéinlech Materialien. Esou verschafft den Tun ënner anerem Fossilien, fir déi hien déi néideg Geneemegungen huet. Bei senger Aarbecht muss hie sech genee un déi gesetzlech Virgaben halen.
Och wann e Messer fir verschidde Leit virun allem eng Waff ass, steet fir den Antoine Krecké de kënschtlereschen an handwierklechen Aspekt am Mëttelpunkt. Nieft individuelle Commandë kreéiert hien och eege Serien, bei deenen hie senger Fantasie fräie Laf léisst. Eng dovunner erzielt beispillsweis d'Geschicht vu Lëtzebuerg.
![]()
Fabienne Zwally
![]()
Fabienne Zwally
![]()
Fabienne Zwally
![]()
Fabienne Zwally
![]()
Fabienne Zwally
![]()
Fabienne Zwally
![]()
Fabienne Zwally
Messermécher Antoine Krecké
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Esou vill Handaarbecht an exklusiv Material hunn hire Präis. E personaliséiert Messer kascht vun e puer honnert bis zu 7.000 Euro. Entscheedend sinn dobäi d'Materialien an den Opwand fir déi gewënschten Detailer. Fir besonnesch Gravure schafft den Tun beispillsweis mat enger Kënschtlerin an Däitschland zesummen.
Iwwer d'Joren huet hie sech esou e grousst Netzwierk u Kontakter opgebaut.
Zum Handwierk ass den Antoine Krecké éischter duerch Zoufall komm. Eng Bekanntschaft op enger Terrass huet hie virun iwwer 20 Joer mat dësem Handwierk a Kontakt bruecht.
Honnerte Messeren huet hien zanterhier hiergestallt an dat laang Zäit just niewent sengem eigentleche Beruff. Och haut, an der Pensioun, verbréngt hien nach véier bis sechs Stonnen den Dag a sengem Atelier. Verschidde vu senge Maschinnen huet hie souguer selwer zesummegebaut, fir se optimal u seng Aarbecht unzepassen.
Ma no iwwer zwee Joerzéngte wëll den Tun sech lues a lues zur Rou setzen. Säi gréisste Wonsch ass et, een ze fannen, deen d'Handwierk mat genee esou vill Passioun weiderféiert. Schonn zanter Jore sicht hien no engem Nofollger oder enger Nofollgerin. Well fir hien ass kloer: Hannert all handgemaachtem Messer stécht net nëmmen Aarbecht, mee och e Stéck Geschicht, Kreativitéit a vill Häerzblutt.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗