Vum Kollektiv zur Galerie: D'Luxembourg Art Week bitt jonke Leit eng Plattform
Vum Kollektiv zur Galerie: D'Luxembourg Art Week bitt jonke Leit eng Plattform
Zanter en Donneschden ass d'Luxembourg Art Week um Glacis op, an e Sonndeg geet se schonn op en Enn.
Besonnesch an der Sektioun "Take Off", déi sech ganz op jonk Kënschtler a Galerië konzentréiert, lount sech e Bléck tëscht de Stänn. Dorënner: d'Kollektiv "Safe Crash", dat aus de Kënschtlerinne Vanessa Brown, Jil Lahr, Nika Schmitt an der Curatrice Nadina Faljic besteet.
Hire Stand ass als Kiosk oder Nightshop konzipéiert, mat enger Bar clandestine am Hannergrond. "Déi muss een eréischt entdecken", erkläert d'Kollektiv. Ze gesi sinn Installatioune vum Jil Lahr, Glaswierker vun der Vanessa Brown an Textilwierker wéi d'"Jacket Bags" vun der Nika Schmitt.
Et ass keen traditionelle Stand: Safe Crash probéiert, en Treffpunkt bannent der Foire ze kreéieren. "Hei an eisem Buff kréie mer dat iergendwéi hin, dass ganz vill Kënschtler sech an eiser Bar versammelen, well dat e bësse méi e chillen Espace ass". An hirer sougenannter Bar clandestine kënne Visiteuren och limitéiert Drëppeglieser kafen, déi selwer Wierker vun de Kënschtlerinne sinn.
Fir d'éischte Kéier op der Art Week
Och nei dëst Joer op der Foire: d'Galerie vun der Elena Valentiny. "Ech sinn dës Kéier déi alleréischte Kéier bei der Luxembourg Art Week derbäi, an ech si frou, dass ech derbäi ka sinn, well et ass wierklech ee vun de wichtegsten Eventer hei zu Lëtzebuerg an der Konscht", seet si.
Hir Galerie wëll jonk international Talenter hei am Land weisen. Déi Kënschtler, déi si mat op d'Foire bruecht huet, hätten nach ni zu Lëtzebuerg ausgestallt. "Dat heescht, et ass flott fir si, och eng Kéier hei op der Luxembourg Art Week gewisen ze ginn."
78 Aussteller aus insgesamt 15 Länner sinn dëst Joer mat dobäi. Wien nach net do war, huet also nach eng lescht Chance, laanscht d'Stänn luussen ze goen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗