Esch: Dräi Abriecher op frëscher Dot erwëscht a festgeholl ginn

An de leschte Stonne sinn der Police eng Rei Abréch an Haiser a Wunnengen uechter d'Land gemellt ginn. Betraff waren ënner anerem Biwer, Conter, Nidderaanwen, Dikrech, Esch a Wuermer.

Verëffentlecht: 22.11.26 10:48

Zu Biwer sinn een oder méi Täter mat Hëllef vun enger Leeder op den éischte Stack vun engem Haus geklommen an hunn do eng Fënster opgebrach, fir an d'Gebai anzebriechen. Zu Dikrech hunn d'Täter eng Leeder benotzt, fir um éischte Stack eng Fënster anzeschloen.

Zu Conter hunn zwee Abriecher eng Terrassendier opgebrach. Wéi d'Alarmanlag ausgeléist huet, si si geflücht. Zu Nidderaanwen sinn d'Täter iwwer eng ageschloe Kichefënster an en Haus erakomm.

Och zu Wuermer huet sech en Abriecher Zougang zu engem Haus verschaaft, nodeems hien eng Fënster opgebrach hat.

An alle Fäll war d'Spueresécherung vun der Police judiciaire op der Plaz. D'Ermëttlunge lafen.

Dräi Abriecher zu Esch festgeholl

Zu Esch-Uelzecht sinn an der Nuecht op e Sonndeg géint 1:30 Auer dräi Männer an de Keller vun engem Haus agebrach. Si haten dofir eng Fënsterdier ageschloen.

D'Awunner vum Haus goufen op de Kaméidi opmierksam a konnten d'Abriecher op frëscher Dot iwwerraschen. Déi dräi Männer sinn zwar fortgelaf, konnten awer kuerz drop vun der Police gestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet goufen déi dräi Verdächteg festgeholl. Si kommen e Sonndeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

D'Police erënnert drun, datt een op hirem Internetsite Informatiounen a praktesch Rotschléi fënnt, fir sech géint Abréch ze schützen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab