Zu Bouneweg: "E Wäschbier ass an eist Doheem agedrongen"

Ugefaangen huet alles Ufank November, erzielt d'Myriam*. Si war mat hirer klenger Famill fir e puer Deeg an der Vakanz. Doheem ware just d'Kazen, déi duerch eng Kazeklapp eran an eraus konnte goen. "Wéi mer heemkoumen, hu mer u sech näischt Anormales festgestallt", erzielt si weider.

Dat bis den 8. November, engem Sonndeg, owes. "Mir waren amgaangen, en Animatiounsfilm mat de Kanner ze kucken. Dunn hunn ech e Kaméidi beim Sak Fudder héieren. Et huet mech gewonnert, well eisen Hond ass eng eeler Dame, déi esou Saachen u sech net méi mécht. Ech sot dem Brad*, datt den Hond u säi Fudder geet."

Dësen ass opgestanen, fir kucken de goen. "Du sot ech, datt e Wäschbier an eist Haus agedrongen ass", esou de Brad. D'Famill huet doropshin ugefaange mat laachen. "De Brad mécht dauernd esou Witzer", erzielt d'Myriam. Mä de Brad ass ganz seriö bei senger Ausso bliwwen. Also ass och d'Myriam mat den dräi Kanner opgestanen. "An dunn hu mer e gesinn, de Wäschbier, deen eis alleguer ugekuckt huet. Säi Bléck war e bësse wéi: 'Wat wëll Dir dann alleguer? Stéieren ech Iech?'" De Wäschbier steet eng komplett verstéierter Famill géintiwwer. "De Wäschbier stoung do, ganz sans gêne, ouni Angscht".

Wéi den Iwwerraschungsmoment eriwwer war, huet de Brad de Wäschbier dozou gedränkt, fir erof an d'Garage ze goen. Do huet hien d'Paart opgemaach an d'Déier erausgelooss.

"Voilà, on a un raton-laveur dans la maison!"

Une drôle de surprise pour ces habitants de Bonnevoie.

"Vläicht huet hien och an de Better geschlof", wéi si net doheem waren

D'Famill huet net laang misste sichen, wéi d'Déier an d'Haus koum. "Duerch d'Kazeklapp, déi an eise Gaart féiert", esou d'Myriam. "Et ass eng klassesch Kazeklapp, mä mir hätten ni am Liewen dru geduecht, datt e Wäschbier duerch dës an d'Haus géif kommen."

D'Famill huet sech dunn och d'Fro gestallt, ob d'Déier net scho vun hirer Vakanz profitéiert hat, fir an d'Haus ze kommen. "Hien huet den Androck gemaach, wéi wann hie sech bei eis à l'aise géif spieren." De Wäschbier war sech un d'Iesse vun den Hausdéieren zerwéieren, "ouni datt d'Kazen eppes gemellt hunn. Eventuell huet hien och an engem Bett geschlof. U sech ass dëse Wäschbier e bësse wéi d'Goldlöckchen, just an der Versioun 2026", laacht d'Myriam.

Nodeem d'Emotioune vergaange waren, huet d'Famill sech nees virun d'Tëlee gesat, sécher, datt de Wäschbier de Message verstanen huet. Dat war e Feeler, esou d'Myriam. "Keng 10 Minutte méi spéit héieren ech eis éischt Kaz e Stack méi héich goen, dunn déi zweet. An dunn héieren ech richteg Kaméidi am Trapenhaus. Ech ginn also erop a gesinn de Wäschbier. D'Kazen hunn e richtege Bockel gemaach." Eent vun de Meedercher koum erop an d'Myriam sot: "so dem Papp näischt". D'Myriam huet zouginn, "ech hunn en iergendwéi séiss fonnt." Et war och deen Ament, wéi d'Myriam den Handy erausgeholl huet an d'Déier am Trapenhaus gefilmt huet. "Dono huet den Här oder d'Madamm Wäschbier sech et um Bett gemittlech gemaach".

Ce chat n'était visiblement pas rassuré... et il y a de quoi. Les ratons-laveurs peuvent se montrer très agressifs s'ils se sentent menacés.

Ouni sech Gedanken ze maachen hunn déi zwou Komplizinnen de Film fäerdeg gekuckt. Dono huet Myriam de Brad lues op eppes preparéiert: "Et ka sinn, datt e Wäschbier do uewen ass".

"Ech hunn zwou Nuechten net geschlof"

De Brad huet dës Geschicht net esou gutt an Erënnerung. "Wann ech éierlech sinn, hat ech Angscht. Wéi ech eropgaange sinn, fir en eng zweete Kéier aus dem Haus ze joen, huet hie probéiert, mech unzegräifen, wéi ech him de Réck gedréint hat. Well ech him den Ausgang verspaart hunn, huet hie sech wuel menacéiert gefillt."

De Brad huet decidéiert, sech zeréckzezéien, an der Hoffnung, datt de Wäschbier vun eleng erofkënnt, wann een e mat Rou léist. Genau dat ass och geschitt. ausser, datt d'Déier dëst Kéier am Haus bliwwen ass. "Hie war op der Sich no Iessen, hie wollt net eraus. Also hunn ech en Apel geholl an en op d'Terrass gehäit." Dat huet geklappt, de Wäschbier huet d'Haus verlooss.

Och wann en elo dobausse war, eppes war kloer: De Wäschbier huet sech an hirem Haus wéi doheem gefillt. Fir de Kazen awer d'Méiglechkeet net ze huelen, fir erauszegoen, huet de Brad d'Kazeklapp opgelooss, huet awer d'Dier, fir vun do aus an den Openthaltsraum ze kommen, blockéiert. "Ech hu genuch Plaz gelooss, datt d'Kazen erakommen. De Wäschbier ass awer dofir ze déck." Vun do, wou de Wäschbier blockéiert war, koum hien nach just an d'Garage. "Do huet hie probéiert, a Sak futti ze maachen an Iessen ze klauen".

D'Léisung war net fir laang Zäit geduecht. Zanterhier huet de Wäschbier sech war méi rare gemaach. Awer denkt de Brad driwwer no, fir eng Kazeklapp mat engem Chip ze installéieren, datt ebe just d'Kaze se nach opkréien. "Dat kann net esou weidergoen, ech hu wärend zwou Nuechte quasi net geschlof. All Kéier, wann ech e Geräisch héieren hunn, war ech net méi roueg. Ech hu keng Loscht drop, him um 2 Auer an der Nuecht géintiwwer ze stoen. Hie kéint och géintiwwer de Kanner oder Kazen aggressiv ginn", esou d'Gedanke vum Brad.

An domadder huet hien net onrecht. D'Land hat eng Geschicht publizéiert, wéi Leit aus der Vakanz heem koumen an hir Kaz dout fonnt hunn, e Wäschbier hat se ëmbruecht. Och hie war duerch d'Kazeklapp an d'Haus komm.

An awer gëtt d'Myriam zou, datt si dem Charme vum Wäschbier verfall ass. Hie krut esouguer e Spëtznumm: "Bandit". "Well seng Sträif um Gesiicht, laanscht seng Aen, ausgesäit wéi d'Mask vun engem Bandit". Och d'Myriam hat d'Geschicht aus dem Land gelies, déi den Titel "De vraies saloperies" hat. "Ech fanne se si richteg séiss. Mä genau dat ass de Problem," gëtt d'Myriam zou. "Si gesinn esou séiss aus, datt d'Leit se ënnerschätzen."

Et wier net clever gewiescht, de "Bandit" weider an d'Haus ze loossen. "Ech hat och Angscht, datt hien eran urinéiert a seng Exkrementer verdeelt. Dat kéint d'Kaze beaflossten", mécht si sech suergen. Angscht virun Aggressiounen. "Jo, ech kenne Leit, déi bei der ANF schaffen. Si hu mech gewarnt, ëmmerhi sinn et kleng Bieren, si hu schaarf Krallen an Zänn. Si verdeedege sech sécher, wa si sech bedreet villen. An de Risiko, datt si Parasitten an d'Haus bréngen, a Krankheete verbreeden, besteet och", seet d'Myriam ofschléissend.

E "klenge Bier", dee fir vill Schued suerge kann

Un raton-laveur très "mignon"... mais surtout dangereux et invasif

La prolifération du raton-laveur au Luxembourg pose de plus en plus de problèmes.
Montage : Christophe Wantz.

Zu Lëtzebuerg taucht de Wäschbier, ëmmer méi heefeg op, obwuel hien eigentlech aus Nordamerika staamt. Mat senger schwaarzer Gesiichtsmask a sengem deels frëndlechen Ausgesi gewënnt hien dacks d'Sympathie vun de Mënschen. Awer hannert dësem Bild verstoppt sech e geféierlecht an invasiivt Déier.

Zanter den 1970er Joren, wéi déi Wäschbieren aus Däitschland, wou se fir de Pelzhandel agefouert goufen, an de Grand-Duché koumen, huet sech d'Zuel vun dësen Déieren am Land massiv vergréissert. D'Juegd op de Wäschbier ass zanter 2011 erlaabt, dat mam Zil, fir seng Populatioun ze kontrolléieren. Obwuel all Joer bal 2.000 Déiere geschoss ginn, dräimol méi wéi nach viru 10 Joer, geet d'Gesamtpopulatioun vum Wäschbier awer net erof.

Hir grouss Presenz huet en negativen Impakt op d'Biodiversitéit am Land: D'Wäschbieren zerstéieren Näschter a friessen Déierenaarten, déi sech net entwéckele konnten, fir sech géint si ze schützen. D'Natur- a Forstverwaltung warnt, dass si zu Lëtzebuerg geschützt Aarten, dorënner Raubvillercher, Waasservillercher, Amphibien an och heemesch Raubdéieren, wéi den Iltisan de Maarder, mat deene si an direkter Konkurrenz ëm de Liewensraum an d'Iesse stinn, menacéieren.

Cycle de vie de l'ascaris du raton-laveur.

D'Wäschbiere stellen och e Risiko fir déi ëffentlech Gesondheet duer: Si kënne verschidde Krankheeten op Hausdéieren awer och op Mënschen iwwerdroen, dorënner d'Tollwut. Am meeschte gëtt awer d'Gefor vum Parasit "Ascaris lumbricoides" gewarnt, en Daarmwuerm, deen schwéier neurologesch Schied ervirruffe kann respektiv am schlëmmste Fall och zum Doud ka féieren.

D'Autoritéiten zu Lëtzebuerg gëtt zou, dass eng komplett Ausrottung vum Wäschbier quasi net méi machbar ass. Dofir setzt d'Natur- a Forstverwaltung op eng Strategie, fir d'Populatioune vum Déier op empfindlech Naturschutzgebidder ze limitéieren. Et ass gesetzlech streng verbueden, Wäschbieren ze fidderen oder an e Käfeg ze setzen. Wann e Wäschbier an de Gaart oder d'Haus kënnt, mussen d'Awunner eng Ausnamereegelung bei der Verwaltung ufroen, fir dass e professionellen Déierefänger dat Déier kann afänken.

*D'Nimm vun de Leit an dësem Artikel goufe verännert

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab