Landeswäite Streik: Bal all d'Flich an der Belsch e Méindeg gestrach

De Gros vun de Fligere wäert e Méindeg an der Belsch um Buedem bleiwen.

Bal all d'Flich an der Belsch wäerten e Méindeg gestrach ginn. De Fluchsécherheetsdéngscht Skeyes huet annoncéiert, datt en Deel vu senge Mataarbechter un enger nationaler Streikaktioun géint d'Spuermoossname vun der Regierung deelhëlt.

D'Entreprise, déi fir d'Kontroll vum Loftverkéier an der Belsch responsabel ass, erkläert, datt si den 23. November tëscht 7 an 21 Auer de reguläre Loftverkéier net méi sécher garantéiere kann. Dofir ginn déi betraffe Servicer temporär gestoppt. Noutflich an aner sécherheetsrelevant Flich bleiwen awer méiglech.

Besonnesch grouss wäerten d'Auswierkungen um Brussels Airport an um Flughafe vu Charleroi sinn. Zu Bréissel waren eigentlech ronn 60.000 Passagéier fir méi wéi 400 Flich fir e Méindeg virgesinn. De gréisste Flughafe vum Land rechent domat, datt de Gros vun den Departen an Arrivéeë muss annuléiert ginn.

De Flughafe vu Charleroi schwätzt souguer vun engem komplette Stëllstand op de belsche Flughäfen. Ouni Loftverkéierskontroll kéinte keng Fligere starten oder landen, esou d'Bedreiwer, déi déi kuerzfristeg Annonce schaarf kritiséieren. Dausende Leit sinn dovu betraff.

D'Passagéier ginn opgefuerdert, sech direkt bei hirer Fluchgesellschaft iwwer méiglech Ëmbuchungen oder Alternativen ze informéieren.

An der Belsch gouf et an de leschte Méint ëmmer nees Protestaktiounen a Streike géint d'Politik vum Premier Bart De Wever. D'Regierung wëllt an den nächste Jore ronn 10 Milliarden Euro aspueren, fir de Staatsdefizit ze miniméieren. Parallel dozou féiert de Regierungschef aktuell schwiereg Verhandlunge mat senge Koalitiounspartner iwwer en neie Spuerbudget.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab