Aus dem CGDIS-Bulletin: Dräi Accidenter mat zwee Blesséierten um Samschdegowend
E Samschdeg den Owend war de CGDIS dräi Mol wéinst Accidenter am Asaz. Eng éischte Kéier geknuppt hat et um 18:20 Auer op der A13 an Direktioun Péiteng tëscht Schëffleng a Lalleng. Et waren dräi Autoen an den Accident verwéckelt. Et ass beim Materialschued bliwwen.
Kuerz no 20 Auer gouf et e weideren Accident op der A13. Dës Kéier hat et an Direktioun Schengen Héicht Gadderscheier-Aessen gerabbelt. Hei waren zwee Gefierer involvéiert an eng Persoun gouf verwonnt.
An da war nach ee Gefier op der RN37 tëscht Éilereng an Esch an de Gruef geroden. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.
Donieft gouf et nach zwee CGDIS-Asätz wéinst Bränn. Kuerz virun 18:00 Auer hat um CR102 tëscht dem Katrewang a Keespelt een Auto Feier gefaangen. An um 23:05 Auer hat zu Déifferdeng an der Rue Pierre Kréier eng Kiche gebrannt. Hei ass et zweemol beim Materialschued bliwwen.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗