Sonndesinterview mam Pauline Weis : "Ech muss dëse Projet gutt maachen" - Lëtzebuergerin op der Rees an den Irak

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

D'Pauline Weis huet 37 Joer an huet hir Kandheet um Lampertsbierg verbruecht ier et duerno op Iechternach goung. Zanter dem 12. Oktober ass déi jonk Fra um Wee Richtung Irak. An hirem ëmgebaute Pickup, reest si duerch eng ganz Partie verschidde Länner. De "Ketchup", de 6 Joer ale Mupp ass dem Pauline hire Reesbegleeder.

E leschten Dënschdeg hat ech d'Pauline kontaktéiert. Deen Ament war si zu Plovdiv a Bulgarien. No Lëtzebuerg, Frankräich, der Schwäiz, Italien, Slowenien, Kroatien a Bosnien ass Bulgarien dat néngte Land an deem d'Lëtzebuergerin ënnerwee ass. E puer Deeg viru Chrëschtdag wëll si op hirer Destinatioun, dem Irak, ukommen. "Wei laang ech wäert am Irak bleiwen ass nach oppen. Ech wëll mir gären Zäit loossen, fir d'Land, d'Kultur an déi verschidde Geschichten ze dokumentéieren".

"Geschichte vu Verbindungen"

"Déi kleng Geschichte vu Verbindungen tëscht de Leit a mat de Leit wou verschidde Kulturen, verschidde Reliounen, verschidde Länner grenziwwergräifend eppes opgebaut hunn an och nach ëmmer eppes bauen, ass dat wat mech den Ament am meeschten impaktéiert huet". Dëst erzielt mir d'Pauline a straalt dobäi iwwert d'ganzt Gesitt.

"Am impressionantste war bis ewell Sarajevo. Geplangt hat ech maximal een Dag an eng Nuecht do ze bleiwen. No zwou Stonne war mir awer kloer, hei bleifs du eng Woch".

Am Aspekt vu Verbindungen ass d'Haaptstad vu Bosnien Herzegowina fir d'Pauline Weis e gutt Beispill, wéi d'Leit grenz- a kulturiwwergräifend matenee schaffen. Als Beispill schwätzt si iwwert d’Buch "Sarajevo Haggadah". Et staamt aus dem Joer 1340.

D'Lëtzebuergerinn schwätzt vum "Sarajevo Haggadah", e Buch aus dem Joer 1340

Och wärend dem Bosniekrich konnt dëst Buch geschützt ginn. "Haut kann ee sech dëst Buch ukucke goen. Zweemol an der Woch an all drëtte Samschdeg. Well et esou wäertvoll ass, och all Kéiers nëmme fir eng Stonn. A Sarajevo selwer fënnt ee bannent zéng Minutten eng orthodox Kierch, eng kathoulesch Kierch, Moscheeën a Synagogen”, sou d’Pauline Weis wärend eisem Interview.

Um Wee an den Irak erzielt si iwwer hir Erliefnisser dohinner. Ewei zu Sarajevo wann d'Glacke lauden.

"Brécke bauen"

Dem Pauline no hänkt et vun der Regioun of, ob ee séier a Kontakt mat den Awunner kennt. "Aus der Erfarung eraus kann ech soen, dass et am Noen Oste méi einfach ass mat Leit a Kontakt ze kommen. Do gëtt een drop ugeschwat, wou een hierkënnt, wat ee mécht. Am Balkan par contre sinn d'Leit e bëssi méi reservéiert. Zu Sarajevo sinn si ganz jovial. Allerdéngs sinn ech och vill eleng. Ech si mat mengem Mupp ënnerwee. Ech hunn zwar Interaktioune mat de Leit. Wéi ech 2024 am Irak war, do sinn ech non–stopp gefrot ginn - Lëtzebuerg? Wou ass dat? Erziel mir iwwer Lëtzebuerg. Do war d'Kuriositéit immens grouss. Et kéint kulturell bedéngt sinn, datt am Balkan bëssi méi Distanz do ass. An dann ass et och nach d'Saach vun der Sprooch". Mat engem grousse Grinsen am Gesit erzielt mir d'Lëtzebuergerin hir erliefte Geschichten.

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Erënnerung un de Saif

Mam Saif war d'Pauline verloobt. 3 Méint virun der Hochzäit ass hien onerwaart gestuerwen. "Zil ass et elo net bei d'Famill vum Saif ze goen. Ganz vill vun hinne liewen nämlech ausserhalb vum Irak. Dat war d'Schicksal vu ganz villen irakesche Famillen. Net nëmme mat der Invasioun vun 2003, mee och schonn duerch all déi Situatiounen, déi virdru geschitt sinn. De Saif konnt ni zréck a säi Land, ewéi ganz vill Irakien aus verschiddene Grënn. Mir zwee haten eis als Projet virgeholl, zesummen zréck an den Irak ze goen. Dat wär d'Geleeënheet och fir hie gewiescht, endlech mat senger Geschicht ze verknüpfen. Hien war, ewéi ganz vill Irakien, ganz houfreg op säi Land. Den Irak ass e Land wat komplett am Wiessel ass".

Op verschidde Plaze well d’Pauline onbedéngt nach eemol zréck. Ënner anerem op Mosul.

"Mosul ass eng ganz faszinéierend Stad, déi och ganz an deem Esprit ass vun Neiufank an nees zesummen opbauen. Et war ëmmer eng Stad, wou eng ganz grouss chrëschtlech Communautéit war. Hei goufen et souwuel Kierchen ewéi Moscheeën. Et ass super ze gesinn, ewéi Relioun iwwergräifend decidéiert gouf d'Stad nees opzebauen. Hei hu soss ëmmer Chrëschten, Moslemen a Jesiden zesumme gelieft".

An och vu Bagdad schwäermt déi jonk Lëtzebuergerin.

"Et ass och eng Stad déi am Opbau ass. Si huet Diversitéit. Déi jüddesch Communautéit ass quasi net méi existent. Déi meescht sinn an Israel gaangen. Mee nach rezent ass eng orthodox Kierch opgemaach ginn an et ass e jüddesche Musée opgaangen. Déi jüddesch Communautéit zu Bagdad war richteg grouss. Et ass eng Stad déi ufänkt nees opzestoen".

Wärend eisem Gespréich, dat eng gutt hallef Stonn gedauert huet, ass mir déi positiv Energie vum Pauline Weis opgefall. Si spruddelt vun Iddien a Loscht, Neies z'entdecken. De Saif kënnt hei an d'Spill. An e puer Deeg gëtt et ee Joer, datt hire Verloobte gestuerwen ass.

D'Pauline erzielt iwwer hire Verlobten, de Saif, deen am November 2025 gestuerwen ass.

“Ech wëll an ech muss dat gutt maachen”

D’Pauline zitt also aktuell dee Projet duerch, dee si zesumme mam Saif geplangt hat. Hie gëtt hir Kraaft dëst duerchzezéien. 4.769 Kilometer sinn et vu Lëtzebuerg an den Irak. "Gläich gëtt et ee Joer, datt de Saif fortgaangen ass. Dat ass fir mech surreal. Et kënnt mir vir, wéi wann hien d'lescht Woch op Rees gaange wär. Des Rees gëtt mir Kraaft an Energie weiderzemaachen".  

Um Wee an den Irak schafft d’Pauline och. Zu Bréissel, Passau a Malaga huet déi gebierteg Lëtzebuergerin studéiert. A Spuenien huet si interkulturell Kommunikatioun geléiert. "Wat esou witzeg ass, deemools hunn ech mech gefrot, wat ass dat do fir e Profil? Wat ech elo op de soziale Medie maachen ass soss näischt ewéi interkulturell Kommunikatioun". Dobäi laacht si vu ganzem Häerzen. Als Beispill vun interkultureller Kommunikatioun nennt si hir Heemechtsstad Iechternach mam Willibrord.

Interkulturell Kommunikatioun: als Beispill de Willibrord vun Iechternach.

"Méi ewéi eng Kéier hat ech bei menger éischter Visitt Tréinen an de A vun där Generositéit an Hospitalitéit vun den Iraker. An och elo, ech kann d'Messagen net ziele vun irakesche Leit a Famillen, déi soen: 'wann s du zu Bagdad bass, zu Mosul bass, am Kurdistan bass, mell dech, eis Diere sinn op a komm bei eis.' Wann s du als Friemen an den Irak gees, kanns du als Mënsch nach ganz vill iwwert d'Zesummemënschlechkeet a Mënschlechkeet leieren".  
 

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab