Formel 1: Max Verstappen wënnt spektakulär Course zu Las Vegas
FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026 (22.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wat e Spektakel zu Las Vegas. Een Iwwerhuelmanöver nom aneren an dat vun der 1 bis an déi 50. Ronn. Um Enn huet de Max Verstappen op Red Bull de Grousse Präis vu Las Vegas an den USA gewonnen. Hannert dem Hollänner sinn déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri op d'Plazen 2 an 3 gefuer. Bis zwou Ronne viru Schluss louchen nach déi zwee Mercedes-Pilote Kimi Antonelli an George Russell op de Positiounen 2 an 3. Ma no engem Verbremser war de Russell eraus am Kampf ëm de Podium. Eng Ronn viru Schluss krut dunn och nach den neie Weltmeeschter Antonelli Probelmer, sou datt fir hien um Enn déi véiert Plaz bliwwen ass.
Wéi enk de Grousse Präis vu Las Vegas war, weist och d'Resultat. Déi éischt fënnef Piloten trennen nëmmen dräi Sekonnen. Net manner wéi 35 Mol huet d'Spëtzt vun der Course gewiesselt.
De Resumé vun der Course
De Grand Prix vu Las Vegas huet vun Ufank u fir vill Spektakel gesuergt. Un der Spëtzt hu sech de Max Verstappen an de George Russell e spannenden Duell geliwwert, mä de Verstappen konnt seng Féierung ëmmer nees verdeedegen. No 18 vu 50 Ronne louchen de Verstappen, de Russell an den Isack Hadjar op den éischten dräi Plazen.
An der 19. Ronn gouf d'Course no engem Tëschefall tëscht Sergio Pérez a Rafael Câmara duerch e Safety Car neutraliséiert. Beim Restart an der 26. Ronn huet de Verstappen d'Spëtzt behalen, wärend de Kimi Antonelli sech direkt laanscht de Lando Norris gesat huet. Fir den Isack Hadjar ass de Restart dogéint zum Albdram ginn: Wéinst engem beschiedegte Frontspoiler huet hie missen an d'Box kommen a war domat aus dem Kampf ëm de Podium eraus. De Pierre Gasly ass esou op déi drëtt Plaz virgeréckelt, dat virum Kimi Antonelli an dem Lando Norris.
Och an de Ronnen dono ass de Kampf ëm d'Spëtzt intensiv bliwwen. Den George Russell an de Lando Norris konnten de Max Verstappen zwar kuerz iwwerhuelen, de Red-Bull-Pilot huet sech d'Féierung awer all Kéier direkt zeréckgeholl. No 36 Ronne louch de Verstappen weider vir, virum Russell an dem Norris, wärend de Kimi Antonelli sech mat staarke Manöveren no vir geschafft huet an ëmmer méi no un d'Spëtzt geréckelt ass.
10 Ronne viru Schluss hu mat Verstappen, Russell, Norris, Antonelli a Piastri weider fënnef Piloten ëm d'Victoire gekämpft.
Den George Russell an de Kimi Antonelli hunn de Max Verstappen ëmmer nees ënner Drock gesat a konnte sech kuerz un d'Spëtzt setzen. De Verstappen huet awer och dës Attacken direkt gekontert a sech d'Féierung all Kéier zeréckgeholl. Besonnesch den Antonelli huet sech staark gewisen an no engem Iwwerhuelmanöver géint de Russell op déi zweet Plaz no vir geschafft.
Fir Opreegung huet an der 38. Ronn eng Kollisioun tëscht de Ferrari-Piloten Lewis Hamilton a Charles Leclerc gesuergt. Den Hamilton huet sech nom Kontakt gedréint an Zäit verluer, wärend de Leclerc eng Zéng-Sekonne-Strof krut.
An de leschte Ronnen ass de Kampf ëm d'Victoire ëmmer méi dramatesch ginn. De Kimi Antonelli huet de Max Verstappen zwar weider ënner Drock gesat an et koum nach e puer Mol zu Positiounswiesselen un der Spëtzt, mä de Verstappen huet all Attack direkt gekontert a sech ëmmer nees virun de Mercedes gesat.
Déi zwou lescht Ronnen haten et dunn och nach emol a sech: Beim Ugrëff op den Antonelli huet sech den George Russell verbremst an ass an d'Mauer gerutscht. De Mercedes-Pilot konnt zwar weiderfueren, ass awer wäit zeréckgefall. Kuerz drop krut och den Antonelli Problemer mat sengem Auto a konnt den Tempo net méi matgoen. Dovunner hunn d'McLaren-Piloten Lando Norris an Oscar Piastri profitéiert, déi nach um Italieener laanschtgezu sinn.
Um Enn huet de Max Verstappen de Grand Prix vu Las Vegas gewonnen. De Lando Norris ass op déi zweet Plaz gefuer, virum Oscar Piastri. De Kimi Antonelli huet trotz senge Problemer nach déi véiert Plaz gerett, knapp virum Pierre Gasly.
Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.
FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗