Schrëtt fir Schrëtt: Constantin: "Wann ech d'Dier zoumaachen, sinn ech all Dag doudmidd, awer och zefridden, well ech eppes gemaach hunn."

De Constantin ass 18 Joer al an huet viru bal engem Joer säin eegene Café opgemaach. Hie selwer hat keng ganz einfach Schoulzäit an huet mat 16 Joer d'Schoul ofgebrach. D'Nuetsliewen huet hie schonn ëmmer interesséiert an nodeems hien eng Zäit a verschiddene Beräicher am Nuetsliewe geschafft huet, huet hie sech dozou entscheet säin eegene Chef ze ginn. Mam "Déieregaart" an der Stad huet hie sech een Dram erfëllt.

Verëffentlecht: 22.11.26 07:00, Update: 22.11.26 06:59

De Constantin ass ee vu siwe Personnagen, déi an der Doku-Serie 'Schrëtt fir Schrëtt' begleet ginn.

An der Doku-Serie begéine mir de Constantin déi éischte Kéier an der Ufankszäit vu sengem Café. All Moie mécht hien op a schafft bis Owes spéit. Mol huet hie vill Leit, mol verbréngt hien och eng Zäit eleng am Café. Et ass eng ustrengend Zäit fir hien, mee hien ass frou et ze probéieren.

Schrëtt fir Schrëtt: Constantin 1

De Constantin hat et net einfach an der Schoul an huet déi och mat 14 Joer ofgebrach.

De Constantin huet net vill Fräizäit, well hien de Groussdeel vu sengem Dag a senger Nuecht am "Déieregaart" verbréngt. Fir hie kënnen och Clientë Kolleege ginn. "Wann ech d'Dier zoumaachen, sinn ech all Dag doudmidd, awer och zefridde well ech eppes gemaach hunn.", esou de Constantin.

Schrëtt fir Schrëtt: Constantin 2

Säin eegene Chef mat 18 Joer, de Constantin wollt schonn ëmmer am Nuetsliewe schaffen.

Am Summer begéine mir de Constantin rëm. Et ass Futtball-WM an hien huet säi Café elo schonn zanter e puer Méint. Hien erzielt wéi eng besonnesch Verbindung hie mam "Déieregaart" hat, nach ier hien de Café iwwerholl huet. Hie konnt seng Mamm astellen, déi elo verschidde Schichte vun him iwwerhëlt.

Schrëtt fir Schrëtt: Constantin 3

Et ass Summer am Déieregaart. Am Constantin sengem Café ginn et e puer Verännerungen.

RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Kuckt hei nach emol all d'Episoden vun der Doku-Serie 'Schrëtt fir Schrëtt' oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab