Handball-Championnat: Victoirë fir Bierchem, Déifferdeng an Dikrech bei den Hären

Um Weekend stoung bei den Hären den 9. Spilldag a bei den Dammen den 10. Spilldag vum Championnat um Programm.

Hären

D'Spëtzepartie Diddeleng géint Esch huet beim Stand vun 19:14 wéinst schwéiere Blessure vun 2 Spiller missen ofgebrach ginn.

Nodeems et am éischt Match tëscht Käerjeng a Bierchem nach e Remis gouf, hunn d'Réiserbänner um Samschdeg d'Revanche geholl. Um Enn gouf et e kloren 42:30-Succès fir Bierchem. An der Paus war ee scho mat 11 Goler am Avantage (23:12).

Déifferdeng hat no enger staarker 2. Hallschent keng Problemer fir sech mat 44:28 géint de Standard duerchzesetzen.

An enger enker a spannender Partie konnt sech Dikrech mat 36:34 zu Rëmeleng behaapten. Den éischte Match tëscht béide Formatiounen hat Rëmeleng nach gewonnen. An der 53. Minutt louch d'Heemekipp och nach mat engem Punkt vir, staark Schlussminutte vun Dikrech sinn duergaange fir d'Partie fir sech ze entscheeden.

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme war et de leschte Spilldag vum Qualifikatiounstour. Diddeleng, Käerjeng an Déifferdeng ware scho sécher op de Plazen 1 bis 3. Dikrech huet sech no enger Victoire beim Museldall déi 4. Plaz geséchert.

An der Spëtzepartie gouf et eng 33:27-Victoire fir Déifferdeng zu Käerjeng. Déifferdeng hat bis um Samschdeg all Partië géint Diddeleng oder Käerjeng verluer, um Samschdeg gouf de Bann mam neien Trainer Agron Shabani gebrach. Vun Ufank u waren d'Gäscht vir a ware beim 13:7 schonns 6 Goler am Avantage. Bis an d'Paus konnt Käerjeng de Réckstand op 5 Goler erofschrauwen (11:16). No der Paus sinn d'Gäscht awer nees fortgezunn an hu wéi an der 1. Hallschent konzentréiert weidergespillt. Den Déifferdenger Erfolleg war bis zum Schluss net a Gefor. Käerjeng schléisst de Qualifikatiounstour trotz der Defaite op der 2. Plaz, eng Plaz virun Déifferdeng of.

Diddeleng hat keng Problemer fir sech mat 45:19 beim Standard duerchzesetzen an huet sech déi éischt Plaz an der Tabell geséchert. An der Paus stoung et schonns 21:9 fir d'Gäscht.

No der 23:35-Defaite géint Dikrech bleift et fir de Museldall bei enger Victoire am Qualifikatiounstour. Dikrech steet um Enn op der 4. Plaz.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab