Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: ManCity an Arsenal loosse Punkte leien, Lazio Roum bleift Leader

Am internationale Futtball huet Manchester City géint Fulham 1:1 gläich gespillt. Chelsea huet no eegener Féierung nach kloer géint Leeds United verluer an Arsenal koum net iwwer en 2:2-Gläichspill zu Newcastle eraus. De Brian Madjo gouf beim 0:0 vun Aston Villa géint Sunderland an der 73. Minutt agewiesselt.
An Italien leeft et fir Lazio Roum a Como weider gutt, béid Ekippen kruten an hire Matcher 3 Punkten. Den Donyell Malen huet bei der Victoire vun der AS Roum zu Parma net manner wéi 4 Goler markéiert.
Am Derby zu Sevilla gouf et tëscht dem FC a Betis en 1:1-Remis an an der Bundesliga huet Leverkusen géint Paderborn gewonnen an Dortmund ass no enger knapper Victoire zu Gladbach neien Tabelleleader.
Premier League
ManCity - Fulham 1:1
0:1 Muniz (16'), 1:1 Anderson (57')
Manchester City huet och de 4. Match noeneen net gewonnen. No 3 Néierlagen gouf et géint Fulham zwar ee Punkt, fir eng Victoire ass et awer net duergaangen. De Muniz hat d'Gäscht no 16 Minutten a Féierung bruecht. Vun der Heemekipp koum an der 1. Hallschent wéineg. Nom Säitewiessel konnt den Anderson no engem Fräistouss ausgläichen. De leschte Wëlle fir den Erfolleg ze erzwénge blouf op Säite vu Manchester City awer aus. Um Enn goufen d'Punkte mam 1:1 gedeelt. ManCity huet bei enger Partie méi scho 5 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Arsenal.
Chelsea - Leeds 1:4
1:0 Emegha (25'), 1:1 Okafor (28'), 1:2 Calvert-Lewin (53', Eelefmeter), 1:3 Okafor (53'), 1:4 Aaronson (90+1')
Eng schwaach Performance huet Chelsea doheem géint Leeds gewisen. Zwar konnten d'Blues no 25 Minutten duerch den Emegha a Féierung goen. Dem Okafor ass kuerz drop de verd´ngten Ausgläich gelongen. Och nom Säitewiessel waren d'Gäscht iwweleeën a konnten d'Partie komplett dréinen. De Calvert-Lewin no engem Eelefmeter an nach emol den Okafor hu fir d'3:1-Féierung fir Leeds gesuergt. Den Aaronson konnt an der Nospillzäit mam 4. Gol den Deckel op d'Partie maachen.
Newcastle - Arsenal 2:2
0:1 Eze (33'), 1:1 Barnes (49'), 2:1 Thiaw (62'), 2:2 Madueke (78')
Zwou ënnerschiddlech Hallschenten gouf et zu Newcastle. An der éischter war Arsenal iwwerleeën, konnt duerch den Eze awer just eemol markéieren. No der Paus war d'Heemekipp méi staark a konnt d'Partie duerch Barnes an Thiaw komplett dréinen. An der 68. Minutt huet de Raya, Golkipp vun Arsenal, blesséiert missen ausgewiesselt ginn. Nodeems Newcastle weider Drock no vir gemaach huet, konnt de Madueke ausgläichen. D'Punkte goufen um Enn gedeelt.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Serie A
Como - Cagliari 2:0
1:0 Ramon (24'), 2:0 Da Cunha (56')
Duerch e Gol vum Ramon an der éischter an engem vum Da Cunha an der 2. Hallschent konnt Como e verdéngte Succès géint Cagliari feieren. Duerch den Erfolleg bleift Como ënnert de beschte 5 Ekippen an der Tabell.
Lazio Roum - Lecce 3:0
1:0 Noslin (25'), 2:0 Noslin (68'), 3:0 Frattesi (90')
Lazio Roum bleift an Italien un der Spëtzt vun der Tabell. Duerch zwee Goler vum Noslin an engem vum Frattesi huet ee sech doheem souverän géint Lecce behaapt.
Parma - AS Roum 1:5
0:1 Malen (39'), 1:1 Elphege (54'), 1:2 Malen (68'), 1:3 Mora (71'), 1:4 Malen (77'), 1:5 Malen (90')
D'AS Roum bleift um Rival drun an huet zwee Punkte Retard op Lazio. Um Samschdeg gouf et eng kloer 5:1-Victoire zu Parma. De Malen hat de Favorit an der 1. Hallschent a Féierung bruecht. Nom Ausgläich duerch den Elphege an der 54. Minutt hat et kuerz no enger Iwwerraschung ausgesinn. 9 staark Minutte si Roum duergaange, dir d'Partie fir sech ze entscheeden. De Malen mat zwee weidere Goler an de Mora hunn hirer Ekipp déi 3 Punkte geséchert. Mat sengem 4. perséinleche Gol konnt de Malen an der Schlussminutt nach op 5:1 erhéijen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Ligue 1
Nice - PSG 2.3
1:0 Amoura (8'), 1:1 Mayulu (31', Eelefmeter), 1:2 Doué (32'), 1:3 Torres (85'), 2:3 Abdi (90+5')
Eng animéiert Partie kruten d'Spectateuren zu Nice gebueden. D'Lokalekipp ass fréi duerch den Amoura a Féierung gaangen. Duerch zwee schnell Goler hannertenee konnt PSG duerch Mayulu an Doué d'Partie virun der Paus komplett dréinen. D'Gäscht hate méi Spillundeeler, mee duerch dat knappt Resultat blouf de Match spannend. An der 85. Minutt konnt den Torres op 3:1 erhéijen. Nice huet net opginn, konnt awer duerch den Abdi just nach en 2:3 markéieren. De PSG bleift a Frankräich un der Tabellespëtzt.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
La Liga
Sevilla - Real Betis 1:1
0:1 Antony (50'), 1:1 Salas (90+1')
Am Derby zu Sevilla gouf et en 1:1-Gläichspill. Betis huet laang wéi de Gewënner ausgesinn, de Salas konnt an der 91. Minutt awer ausgläichen. Trotz dem Remis bleift Betis an den Topp 4 an der Tabell.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗