Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Vahid Selimovic an Iberia bleiwen a Georgien un der Tabellespëtzt

De Vahid Selimovic stoung bei Iberia de ganze Match um Terrain.

De Vahid Selimovic stoung a Georgien bei der 1:0-Auswäertsvictoire vun Iberia zu Samgurali déi ganz Partie iwwer um Terrain. An der Tabell läit Iberia zwee Spilldeeg viru Schluss op der 1. Plaz. Ee Punkt hannert dem Tabelleleader läit Dinamo Batumi. Batumi konnt um Samschdeg e spéiden 2:1-Succès géint Rustavi feieren. Den Dirk Carlson stoung de ganze Match um Terrain, den Enes Mahmutovic huet d'Partie vun der Bänk aus verfollegt.

An der englescher Premier League sinn tëscht Aston Villa a Sunderland keng Goler gefall. De Brain Madjo gouf an der 73. Minutt fir den Nicolas Jackson agewiesselt. Um Remis konnt hien awer och näischt änneren. A weidere Partien an England huet Chelsea ë.a. däitlech géint Leeds United verluer.

An der 1. Bundesliga souz den Enzo Dos Santos bei den 1:0-Victoire vun Dortmund zu Gladbach 90 Minutten op der Bänk. Den Dos Santos konnt mat senger Ekipp Bayern an der Tabell iwwerhuelen a steet elo op der 1. Plaz.

Rot-Weiß Essen huet sech zu Verl mat 3:0 behaapt. Den Aiman Dardari souz op der Bänk, gouf awer net agewiesselt. An der 3. däitscher Liga läit Essen den Ament op der 2. Plaz an der Tabell. An der selwechter Liga gouf et fir Mannheim eng 0:3-Defaite zu Aachen. De Vincent Thill stoung de ganze Match iwwer um Terrain.

Freideg

An der Ligue 2 a Frankräich konnt Metz an Ënnerzuel mat 2:1 géint Boulogne gewannen. An der Tabell leien d'Grenats op der 6. Plaz. Den Hamza Kadamani hat et net an de Kader gepackt.

Beim 2:1-Succès vu Magdeburg zu Bielefeld an der 2. däitscher Bundesliga souz den Eldin Dzogovic 90 Minutten op der Bänk.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab