Championnat am Karate: Jonk Talenter sinn um Wee no uewen
Championnat am Karate
Och wann d'Zuel vun de Participanten an den héijen Alterskategorien ofhuelen, ginn et bei de jonke Karate-Athleten deelweis gutt Performancen.
Wat ee méi héich an den Alterskategorien eropklëmmt, wat d'Zuel vun de Participanten ofhëlt. Dat ass e Phänomen, deen een a praktesch allen individuelle Sportaarte feststellt. De Karate bleift och net dervu verschount. Hei ass et nach méi krass, well a verschiddenen Gewiichtsklasse gekämpft gëtt.
D'Weltklass-Athletin Jenny Warling war deemno net um Tatami aktiv, mee als Coach vum Walfer Nowuess. Och den U21-Europameeschter a Vizeweltmeeschter Alexander Davies hat kee Géigner a senger Gewiichtsklass. De Filip Todorovic am zweete Joer bei de Juniore, hat mam Jerry Harsch een eenzege Konkurrent. De Schüler vun der 2ème am Sportlycee, dee schonn als Cadet d'Nummer 1 an der Weltranglëscht war, geet mat Ambitiounen an dat neit Joer eran.
Karate-Championnat zu Diddeleng (21.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Joerzéngte laang hu Fraen international un der Weltspëtzt matgehalen. Bei de Jonge gouf et virun 20 Joer, mam Bob Feidt sengem Vizeweltmeeschter-Titel bei de Cadeten, deen eenzege groussen internationalen Erfolleg. Dat schéngt sech awer elo ze änneren. D'Jongen huelen op. Och bei de Meederchers ass nieft dem Jenny Warling eng grouss Hoffnung ënnerwee D'Zineb Belabass ass den Ament d'Nummer 1 an der Weltranglëscht bei de Cadettes.
Mat 12 Joer kann een an de Nationalkader selektionéiert ginn. Dat ass zanter engem Mount de Fall fir de Jim Georges. Hien huet de Championstitel bei der U14 gewonnen an huet mat sengem Trainer Steven Da Costa, dem Olympiagewënner an dräifache Weltmeeschter, schonn international Erfarunge gesammelt. Wann un engem Seel gezu gëtt , da wäert och an Zukunft de Lëtzebuerger Karate eng wichteg Roll op der internationaler Bün spillen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗