Expogast: Weltklass-Kachkonscht, grouss Emotiounen a vill Drock an de Kichen

Et gëtt geschnidden, gebroden, garnéiert a geschmaacht. An de Kiche vun der Luxexpo gëtt héich konzentréiert geschafft. All Handgrëff muss sëtzen, all Teller perfekt ausgesinn. Bei der Culinary World Cup moosse sech Kachekippen aus der ganzer Welt. Eng Kompetitioun, bei där et net nëmmen ëm gutt Iesse geet, mee och ëm Präzisioun, Ausdauer a staark Nerven.

"De Charme vun der Expogast ass, datt wann een als Visiteur dëse Salon betrëtt, d'Energie vun den Teams spiert, déi extrem motivéiert sinn, awer och d'Spannung, déi dran ass", erkläert de Carlo Sauber, President vun der Jury. Et géif ëm e Prestige-Concours goen, dee weltwäit bekannt wier.

Virbereedung wéi am Spëtzesport

Bis zu annerhalleft Joer preparéiere sech verschidden Nationalekippen op dëse Concours. D'Aarbechtsdeeg si laang, den Drock enorm. "Déi Jonge sinn de Moien ëm siwen Auer an den Hotel gefuer, fir ze lueden, sinn elo hei um Kachen a wäerten den Owend net virun enger Auer am Bett leien", erzielt de Carlo Sauber.

D'Nationalekippe kache fir bis zu 110 Leit. D'Jury weess dobäi net, wéi ee vun de ville preparéierten Telleren hir zerwéiert gëtt. Bewäert ginn ënner anerem de Goût, d'Textur, d'Faarwen an d'Presentatioun. Esou soll garantéiert ginn, datt all Gaascht déi selwecht Qualitéit kritt.
Och mental ass d'Belaaschtung grouss. Verschidden Ekippe géife souguer mat Mental-Trainer oder Yoga-Sessioune schaffen, fir de Stress ze bewältegen.

Impressioune vum éischten Dag vun der Expogast 2026 (21.11.26)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

International Atmosphär a jonken Nowuess

Hannert de Fënstere vun de Kiche gëtt matgefeiert. Supporter aus verschiddene Länner ënnerstëtzen hir Ekippe mat Fändelen, Musek a vill Begeeschterung. Bal wéi bei enger grousser Sportskompetitioun.

Matzen dra sinn och 500 Schüler vun der Lëtzebuerger Hotelsschoul EHTL. Si hëllefen ënner anerem am Restaurant des Nations, wou all Owend ronn 700 Gäscht zerwéiert ginn.

"Mir hunn hei richteg Gäscht an net Schüler. Dat heescht, wéi am richtege Liewen, et ass vill méi grouss an natierlech vill méi stresseg", erkläert d'Laurence Franzen vun der EHTL.

Nieft dem Service léieren déi Jonk virun allem Teamaarbecht, Kommunikatioun an de Kontakt mat internationale Gäscht. Eng Erfarung, déi hinnen och berufflech Dieren opmaache kann. Fir déi eng geet et op der Expo Gast ëm international Éieren, fir déi aner also ëm déi éischt grouss Schrëtt an hirer berufflecher Zukunft.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab