Am Alter vun 89 Joer: Italieenesche Bijoutier Paolo Bulgari gestuerwen

Am Alter vun 89 JoerItalieenesche Bijoutier Paolo Bulgari gestuerwen

Den Enkel vum Grënner vun der bekannter Bijousmark ass e Samschdeg am Alter vun 89 Joer zu Roum verscheet, esou seng Famill.

Verëffentlecht: 21.11.26 20:14

De Paolo Bulgari am Joer 1998.

De Paolo Bulgari hat d'Familljegeschäft am Joer 1984 iwwerholl an et zu enger vun de weltwäit renomméiertste Luxusmarken op der Welt entwéckelt.

1960 hat e scho mat sengem Papp ugefaangen zesummenzeschaffen a sech besonnesch duerch eng Expertis iwwer Eedelsteng ausgezeechent. Zesumme mat sengem Brudder Nicola a sengem Neveu Francesco Trapani huet de Paolo Bulgari dann 1984 d'Entreprise geleet, déi sech vun do un net méi ausschliisslech op Bijoue spezialiséiert hat. Och Aueren, Parfumen, Liederwueren oder aner Accessoirë goufen Deel vum Sortiment.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab