Feline infektiéis Peritonitis (FIP): Eng fréier déidlech Krankheet bei Kaze kann haut behandelt ginn

Bis viru kuerzem gouf eng FIP-Diagnos als Doudesurteel fir Kazen ugesinn, well et keng wierksam Behandlung gouf. D'Situatioun huet awer mat de Jore geännert. Wärend der Covid-19-Pandemie ass d'Fuerschung un antivirale Behandlungen intensivéiert ginn, an dobäi gouf eng Moleküll identifizéiert, déi géint d'Krankheet wierke kann.

Ëm 2022 huet een a China ugefaangen, dës Moleküll weider z'ënnersichen, fir eng Behandlung géint FIP z'entwéckelen. Ier d'Medikament allerdéngs legal verfügbar war, hu Kazebesëtzer missen op de Schwaarzmaart zeréckgräifen, fir dorunner ze kommen. Dës Medikamenter goufe gesprëtzt, hunn den Déiere wéi gedoen a konnten e puer dausend Euro kaschten. Ausserdeem waren Zesummesetzung a Qualitéit net ëmmer garantéiert.

Haut huet d'Situatioun sech awer geännert. Kazebesëtzer hunn elo eng legal Alternativ: eng antiviral Behandlung, duerch déi déi grouss Majoritéit vun de betraffene Kazen erëm gesond gëtt an en normaalt Liewe féiere kann.

Wéi gëtt de Virus iwwerdroen?

Et ass wichteg, tëscht dem feline Coronavirus an der FIP selwer z'ënnerscheeden. Net d'FIP gëtt direkt vun enger Kaz op déi aner iwwerdroen, mee de feline Coronavirus, dee sech an eenzele Fäll zu dëser Krankheet entwéckele kann. An de meeschte Fäll huet de Virus entweder guer keng Symptomer oder féiert nëmmen zu temporäre Verdauungsproblemer. Nëmme bei verschiddene Kaze mutéiert de Virus am Kierper a léist domat d'Krankheet aus.

De Virus gëtt virun allem iwwer de sougenannte fäkal-orale Wee iwwerdroen, besonnesch duerch de Kontakt mat infizéierte Fäkalen a kontaminéierte Kazentoiletten. Dowéinst kann e sech einfach a Stéit oder engem Ëmfeld verbreeden, wou méi Kazen zesummeliewen. Dat bedeit awer net automatesch, datt all déi Kazen och FIP entwéckelen.

Och Kazen, déi ausschliisslech dobanne liewen, sinn net komplett geschützt. De feline Coronavirus kann entweder schonn am Kierper sinn, oder iwwer kontaminéiert Partikelen an d'Ëmfeld kommen, zum Beispill iwwer Schong vun hire Besëtzer.

Ob sech de Virus zu enger FIP entwéckelt, hänkt vun all eenzeler Kaz of.

Wat sinn d'Symptomer vu FIP?

D'FIP ka sech op verschidde Manéiere weisen, jee no Form: naass, dréchen, okulär - also d'Ae betreffend - oder neurologesch.

Zu den heefegste Symptomer gehéiere Féiwer, deen net fortgeet, Gewiichtsverloscht an e reduzéierten Appetit. Ausserdeem kann d'Krankheet verschidden Organer ugräifen a Komplikatioune wéi Anämie, Liewerproblemer, Niereversoen oder Pancréatite verursaachen.

Bei der naasser Form ka sech Flëssegkeet am Bauch- oder Broschtraum usammelen, wat zu engem opgeblosene Bauch oder Otemschwieregkeete féiere kann. Déi okulär an neurologesch Forme kënnen d'Aen an den Nervesystem beaflossen a Problemer mam Gesiicht oder neurologesch Symptomer ausléisen.

Vill vun dëse Symptomer sinn awer net spezifesch fir FIP a kënnen och bei aneren, méi heefege Kazekrankheete virkommen. Hir Presenz eleng bedeit also net onbedéngt, datt eng Kaz un FIP leit.

Wéi gëtt FIP diagnostizéiert?

D'Diagnos vun enger FIP bleift usprochsvoll, well et keen eenzegen Test gëtt, deen d'Krankheet an alle Fäll zouverlässeg noweise kann. D'Diagnos baséiert dofir op verschiddenen Elementer, dorënner d'Virgeschicht vun der Kaz, déi observéiert Symptomer a Bluttanalysen.

Och d'Reaktioun op déi antiviral Behandlung kann en zousätzlechen Hiweis liwweren. Eng séier Verbesserung vum Allgemengzoustand, heiansdo schonn zwee bis dräi Deeg nom Ufank vun der Therapie, kann de Verdacht op FIP verstäerken.

Kann ee FIP verhënneren?

Aktuell gëtt et keng Impfung, déi FIP wierksam verhënnere kann. Eng gutt Hygiène bleift dofir entscheedend. Dozou gehéieren ënner anerem d'reegelméisseg Botze vun de Kazentoiletten a Moossnamen, fir d'Verbreedung vum Virus tëscht Kazen ze limitéieren.

Donieft geet een dovun aus, datt Stress eng wichteg Roll bei der Entwécklung vun der Krankheet spillt. Plënneren, een neit Hausdéier am Stot, oder de Verloscht vum Besëtzer kënnen dozou bäidroen, d'Krankheet auszeléisen. Stress esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren, kéint deemno de Risiko senken.

Wéi gëtt FIP behandelt?

Zënter Enn 2024 bidde verschidden Apdikten, besonnesch a Frankräich an a Groussbritannien, antiviral Medikamenter a Form vun engem Sirop un. Dës gi speziell fir all Déier hiergestallt, wann een e Rezept vum Veterinär huet. D'Behandlung dauert meeschtens 84 Deeg. Wärend dëser Zäit muss de Besëtzer der Kaz all Dag zur selwechter Zäit dat flëssegt Medikament mat enger Sprëtz direkt an de Mond ginn.

Reegelméisseg Veterinärsconsultatiounen a Bluttanalyse si wärend der ganzer Behandlung noutwenneg, fir de Verlaf vun der Krankheet ze iwwerwaachen an d'Doséierung, wann néideg, unzepassen.

D'Behandlung kascht e puer dausend Euro

Fir vill Kazebesëtzer stellt d'Behandlung eng grouss finanziell Belaaschtung duer. Jee no Gewiicht vun der Kaz, Dauer vun der Therapie an zousätzleche Veterinärskäschte kann d'Gesamtrechnung tëscht 3.000 an 8.000 Euro leien.

Verschidden Déiereversécherunge iwwerhuelen en Deel vun de Veterinärskäschten, dorënner Consultatiounen, Hospitalisatiounen a Laboranalysen. Déi méiglech Remboursementer sinn awer meeschtens op e Maximum pro Joer limitéiert, dee jee no Vertrag tëscht 2.500 an 3.500 Euro läit.

Ob d'Medikament selwer rembourséiert gëtt, variéiert vun enger Versécherung op déi aner. Wärend verschidde Versécherer dës Käschten iwwerhuelen, maachen anerer dat net. Nieft enger Hospitalisatioun ass d'Medikament dacks dee gréisste Käschtepunkt.

Eng Heelungsquot vu 85 Prozent

D'Resultater vun der antiviraler Behandlung si bis elo ganz encouragéierend. Ronn 85 Prozent vun de Kazen erhuele sech vun der Krankheet. Fir vill betraffen Déiere bedeit dat, datt si dono erëm en normaalt Liewe féiere kënnen. Réckfäll bleiwen awer méiglech. Déi trieden am meeschtens an de Wochen no der Behandlung oder an den éischten dräi Méint duerno op. An esou Fäll kann et noutwenneg sinn, d'Behandlung ze verlängeren oder d'Doséierung unzepassen.

Wann d'Bluttwäerter och an den dräi Méint nom Ofschloss vun der Behandlung normal bleiwen, gëtt d'Kaz allgemeng als geheelt ugesinn. Ob Kaze spéider am Liewen nach eng Kéier un FIP erkranke kënnen, ass nach net gewosst, well d'Behandlung eréischt zënter e puer Joer verfügbar ass. Bis elo sinn d'Resultater awer ganz encouragéierend.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab