Cyclocross zu Lokeren an der Belsch: Marie Schreiber klasséiert sech op der 4. Plaz

D'Italieenerin Sara Casasola huet d'Course virum Lucinda Brand an dem Ceylin Alvarado gewonnen.

Verëffentlecht: 21.11.26 15:00

Beim Rapencross zu Lokeren an der Belsch ass d'Marie Schreiber de Mëtteg op déi 4. Plaz gefuer. D'Lëtzebuerger Championne hat op der Arrivée e Retard vun 1 Minutt a 27 Sekonnen op d'Sara Casasola, déi d`Course konnt gewannen.

Déi italieenesch Championne huet de Cross haut dominéiert a sech Mëtt der Course vun den zwou Hollännerinne Lucinda Brand a Ceylin Alvarado ofgesat fir souverän ze gewannen. Déi 2. Plaz war fir d`Weltmeeschterin Lucinda Brand, si hat e Retard vun 41 Sekonnen. D'Ceylin Alvarado hat als 3. e Retard vun 1 Minutt a 7 Sekonnen. D`Liv Wenzel war de Mëtteg zu Lokeren och um Depart, ass d`Course awer net op en Enn gefuer. Et war den éischte Cross fir d'Marie Schreiber zanter der Europameeschterschaft de 7. November.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab